Zanter 50 Joer präägt de Centre Pompidou d’Paräisser Stadbild mat senger ikonescher a futuristescher Architektur. Oppe Strukture mat sëllege faarwege Réier, Stolelementer, Rolltrapen a Leitungen déi net wéi soss verstoppt, mee villméi an de Vierdergrond placéiert goufen. Mee d’Notre-Dame des Tuyaux, sou ee Spëtznumm vum Pompidou, muss dréngend renovéiert ginn. Asbest an de Maueren, ze vill Korrosioun an ee vill ze héijen Energieverbrauch maachen dëse Schratt néideg. Fënnef Joer si fir d’Aarbechten ugesat. Fënnef Joer an deenen de Centre Pompidou de Paräisser:inne feele wäert. Um leschten Deeg virun der Fermeture ass nach eemol staarken Undrang. Vill wëllen nach eng leschte Kéier profitéieren.
D’Wierker ginn op d’Rees
Et ass gespenstesch eidel an den ieweschten Etagen, déi normalerweis d’Heemescht vun der permanenter Kollektioun sinn. D’Maueren si wäiss, d’Gäng voll mat de Konschtwierker an hire Boxen, déi elo oftransportéiert ginn. Dat war e grousse Kraaftakt seet den Alexandre Aumis, deen am Musée fir d’Gebai a Sécherheet zoustänneg ass. Quasi bei all Wierk hätt ee missen individuell Léisunge fannen. Dat hätt sechs Méint Preparatioun an ee Joer Plënnere gebraucht.
Eng 2.000 Konschtwierker waren hei ze gesinn, d’Gesamtkollektioun vum Pompidou ëmfaasst ronn 150.000 Konschtwierker. Fir de Stockage an d’Gestioun vun dëse gëtt den Ament am Paräisser Viruert Massy de Centre Pompidou Francilien gebaut, deen d’nächst Joer soll opgoen an och Ausstellunge wäert weisen. Net nëmmen hei, mee iwwerall an der Welt wëllt de Centre Pompidou an de fënnef Joer Präsenz weisen. Et géing ee scho bestoend Partnerschafte mat Kulturariichtungen ausbauen an neier schafen, fir datt d’Konschtwierker net einfach verstëbse mee accessibel bléiwen, sou den Alexandre Aumis. De Message: De Centre Pompidou transforméiert sech an d’Wierker ginn och op d’Rees.
Lescht Ausstellung vum Wolfgang Tillmans
D’Renovatioun wier een Deel. Et wéilt een den Energieverbrauch ëm 40 Prozent reduzéieren, mee et wéilt een d’Geleeënheet och notze fir nei Surfacen am Gebai dem Public zougänglech ze maachen. Zum Beispill déi ënnescht Etage, wou e Parking war.
Déi lescht Ausstellung virun der Fermeture war eng vum renomméierten däitsche Kënschtler Wolfgang Tillmans, déi net an den Ausstellungsraim ze gesi war, mee an der Bibliothéik vum Musée. Dat hat wéinst de Plënneraarbechten praktesch Grënn awer och nach een inhaltlechen, wéi de Commissaire vun der Ausstellung, de Florian Ebner erkläert: De Raum géif déi zwou Missioune vum Centre Pompidou als Konscht- a Rechercheinstitutioun gutt verbannen an de Wolfgang Tillmans hätt och dacks mat Bicher, Dëscher oder Büroen a senge Wierker gespillt.
De Wolfgang Tillmans ass bekannt fir seng Fotografie, déi sech ëmmer nees néi Sujete wielt, an awer onverkennbar bleift - egal ob Portraite vu Stars ewéi der Lady Gaga oder dem Frank Ocean, oder sengen intimen Duerstellunge vu Queerness oder Wierker, déi wéi eng Zort Stillleben d’Schéinheet vun der alldeeglecher Banalitéit ervirhiewen. Grouss Tillmans-Retrospektive gouf et der scho puer, fir d’lescht 2022 am New Yorker MoMA.
Centre Pomidou zu Metz wäert profitéieren
Bei dëser Ausstellung hätt een de Fokus op eppes anescht wëlle leeën, sou de Florian Ebner: Virun allem géing et hei ëm d’Perceptioun goen an dofir wier de Setting optimal gewiescht.
E gelongenen Ofschloss virun der laanger Fermeture also. Ee Centre Pompidou bleift an den nächste fënnef Joer awer op an zwar deen zu Metz, dee bestëmmt och e wéineg vun dësem Ëmstand profitéiere wäert.