D’Rentrée an der Chambre de Commerce dëse Mëttwoch stoung ganz am Zeeche vun der Fro, ob et an den haitegen Zäiten iwwerhaapt nach méiglech ass, e Land ze reforméieren.
Den Thierry Breton sot op der Konferenz, et wier absolut kruzial, Gesetzer, déi schonn décidéiert sinn, ëmzesetzen, amplaz sech mat neie Reformen ze beschäftegen.
D'Muechtuspréch an der Welt hu sech verännert
Europa wier den Ament an enger Situatioun "inédite" an zum Deel och existenziell, esou de fréiere Wirtschafts- a Finanzminister aus Frankräich. Déi international Handelspartner vun der EU géife sech net méi un déi ausgehandelt Spillreegelen halen. D'EU misst elo séier handelen.
"On voit ce qui se passe avec les Etats-Unis vis-à -vis de nous. C'est quand même la perte de confiance, même si évidemment il reste notre allié, notamment dans le cadre de l'OTAN."
Nach virun den USA hätt Russland politesch a wirtschaftlech d'Vertrauen zerstéiert. Nieft den territorialen Uspréch, déi Russland stellt, wéilt China d'Industrie dominéieren.
"Nous, on n'a pas le temps de se dire, tiens, comment on ferait pour réformer? Parce que pour réformer dans le cadre des institutions, il va falloir trois, quatre, cinq, six ans, mais on sera où dans trois, quatre, cinq, six ans? Donc il faut exécuter."
Kaum Gestzer am virtuelle Raum
Grad wat de virtuelle Raum ugeet misst d’EU aktiv ginn, fënnt den Thierry Breton.
Den Onlineberäich wier nach ee quasi rechtsfräie Raum. Dat, obwuel d’Aarbechts- an d’Privatliewe vun de Mënsche sech haut gréisstendeels digital ofspillt.
"On a mis des lois sur le numérique, qui sont les plus robustes au monde, notamment qu'à travers le DSA. Exécutons ces lois tout de suite, plutôt que d'essayer d'en faire de nouvelles. Et en les exécutant on protégera maintenant nos enfants, on protégera maintenant notre démocratie, on protégera maintenant nos économies"
Ze denken, et bräicht een zousätzlech Reformen, ier een de Courage huet, Gesetzer, déi gestëmmt gi sinn, ëmzesetzen, wier net de richtege Wee.
"Et puis, une fois qu'on sera arrivés à bon port, alors oui, on pourra se poser la question de comment réformer pour le faire encore mieux et plus vite."
Europa huet stabil Grondprinzippien
Wat déi aktuell politesch Tendenzen ugeet sot de fréiere franséische Minister, datt Europa vun Autokraten ëmgi wier – dat vu China iwwer Russland, d’Türkei bis an d’USA.
An och an Europa géife Parteien, déi just nach Politik fir hire Camp maachen, u Popularitéit gewannen. Fir déi jonk Generatioun wier awer nach näischt verluer, mengt den Thierry Breton.
"Tout est continué à bâtir, bien sûr. On a déjà un socle qui est un socle extrêmement profond, c'est formidable. On est ici à Luxembourg, qui est le berceau de la construction européenne, donc bien entendu, il faut le poursuivre maintenant. Mais en s'adaptant à l'environnement"
Den europäesche Wirtschaftsmodell wier op Vertrauen opgebaut an dat gëllt et ze halen, fir weiderhin a Sécherheet a Fräiheet liewen ze kënnen, mengt nach den Thierry Breton.
Hie war ënner anerem Wirtschaftsminister a Frankräich a Kommissär fir den europäesche Bannemaart ënner der Ursula von der Leyen. Dat vun 2019 bis 2024.