Radioen

On air

9 bis 1  |  Alfie Templeman - Happiness In Liquid Form

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ E Festival ronderëm déi Al Musek an eng Masterclass vum OCL

Resonanzen

E Festival ronderëm déi Al Musek an eng Masterclass vum OCL

D'Marie Trussart begleet Iech mat klassescher Musek duerch de Sonndeg Nomëtteg a bléckt mat Iech zeréck op eng Woch voller musikalescher Amenter.

auto_stories

2 min

headphones

60 min

play_arrow

1. Festival fir Al Musek

"De Bach a Purcell si ganz al Kolleegen" - Dat seet d'Sopranistin Véronique Nosbaum. 
D'Musekerin ass professionell Operesängerin a begeeschtert sech zanter Klengem u fir déi barock Musek. 2010 huet si an deem Kader och de Vokalensemble CantoLX gegrënnt.
Grad esou laang wéi et CantoLX da gëtt, organiséiert si och dëst Joer nees de Festival "Passion" am Neimënster, bei deem am Abrëll zwee Concerten op d'Visiteure waarden. Am Gespréich mam Lex Kauffmann schwätzt d'Sopranistin, déi och nach Gesangscoursen am Stater Conservatoire gëtt, wéini hir Léift zu de barocke Kläng ugefaangen huet a wéi d'Lëtzebuerger Kulturzeen sech an de leschte 15 Joer entwéckelt huet.

2. Masterclass mam OCL

Zanter 50 Joer besteet den Orchestre de Chambre du Luxembourg, kuerz OCL. Bis haut huet den Orchester keng eege Raimlechkeete fir ze prouwen. Wat déi eng vläicht als Hindernis gesinn, gesäit den OCL als Challenge. An als Chance, aussergewéinlech Kollaboratiounen entstoen ze loossen. Aktuell befënnt sech den Orchester a Residenz an der International School of Luxembourg, kuerz ISL. D'Marie Trussart ass an den ISL gaangen an huet probéiert erauszefannen, wat et bedeit, wann en Orchester an enger Schoul doheem ass.

3. Klassik Album vun der Woch

D'Marie Schockmel presentéiert eise Klassik Album vun der Woch. De franséische Pianist Alain Planès huet en neien Album opgeholl, deen de villfältege Stil an den Humor vum franséische Komponist Erik Satie perfekt eriwwer bréngt. 

Lauschterenplay_arrow