arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Returnhubs" an ukrainesch Flüchtlinge sinn d'Thema op der EU-Inneministerreunioun

Asylpolitik

|
reading time

1 min

"Returnhubs" an ukrainesch Flüchtlinge sinn d'Thema op der EU-Inneministerreunioun

Den EU-Asyl- a Migratiounspak ass Thema op der Reunioun vun den EU-Inneministeren um Kierchbierg. An do stinn déi sougenannten "Returnhubs" am Mëttelpunkt,

reading time

1 min

© EPA/OLIVIER MATTHYS
(Foto: EPA/OLIVIER MATTHYS)

Dat sinn déi Zentren an Drëttstaaten, wou Asyldemandeuren, déi de Flüchtlingsstatut net kréien, ausgewise kënne ginn, am Fall wou se net an hir Heemechtsstaate kënne geschéckt ginn.

Weidert Theema bei den EU-Inneministeren ass eng Verlängerung vun de spezielle Schutzreegele fir ukrainesch Flüchtlingen. Do soll och driwwer diskutéiert ginn, ob ukrainesch Männer tëschent 23 a 60 Joer, also am wehrflichtegem Alter, eventuell dovun ausgeschloss solle ginn.