Radioen

On air

9 bis 1  |  Mëttespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

Musek a Kultur

Musek a Kultur

/ Rhythmic Soulwave: Ee Lidd, dat vu 6 Kolleege geschriwwe gouf

Countdown fir Basel: Wie sinn d'LSC-Finalisten

Rhythmic Soulwave: Ee Lidd, dat vu 6 Kolleege geschriwwe gouf

An eiser Serie, an där mir Iech déi 7 Finalisten vum Luxembourg Song Contets virstellen, ass et haut un der Band "Rhythmic Soulwave". Ee Grupp aus 6 nach immens jonke Kolleegen, déi zum Deel nach an de Lycée ginn a sech am Stater Conservatoire kennegeléiert hunn. Zesumme liewen si hir Passioun fir den Jazz an allgemeng fir d’Musek aus. 

auto_stories

3 min

De Grupp versprécht ee Mix aus latino-amerikaneschen Téin, mee och aus Pop a Rock. Besonnesch remarkabel ass, datt si d'Lidd, mat deem si et elo bis an d'Finall vum LSC gepackt hunn, komplett selwer geschriwwen hunn. Vill vun deenen anere Kandidaten hu sech do nämlech Hëllef vu professionellen an internationale Produzente geholl. 

Dëse Song hätt scho laang bei hinnen am Tirang geleeën, huet d'Band am 100,7-Interview erzielt. Wéi d'Sängerin Carmen e viru puer Joer geschriwwen hat, wier en hir nach ze perséinlech gewiescht fir en direkt ze verëffentlechen. Elo wier de Moment awer komm, erzielt de Pianist vun der Band.

"Also allgemeng eise Writing Process, wéi mir et maachen, fir Lidder ze kreéieren. Am Ufank ass alles nëmmen eng Iddi. Elo, an dësem Fall hat d'Carmen eis d'Lidd, also déi éischt Iddi vum Lidd, presentéiert an enger Prouf. A mir hunn et eis all ugelauschtert, a mir hunn eis geduecht, okay, dat ass cool dat do. An dann hu mir probéiert eis all an déi Musek doranzesetzen, dass mir all eis eege Stëmm dovunner erausschreiwen, a wat mir zu der Musek bäidroen, dass et am Enn net dem Carmen säi Lidd ass, mee Rhythmic Soulwave säi Lidd ass.” 

100,7-Freundebuch 

Den LSC bedeit fir mech ...

Carmen: Unerkennung, ze gewannen

Lörinc: D'Experienz do matzemaachen. Ech freeë mech schonn, all déi anere Finaliste besser kennenzeléieren, fir op dës Aventure mat hinnen ze goen.

Leopold: Ech mengen, do kann ee gutt Iddien austauschen. Och d'Jury an d’Coaches wäerten eis jo vill op de Wee ginn. An datt een dat esou gutt wéi méiglech implementéiere kann, an datt een der Welt weise kann, wien een ass, wat ee mécht, an datt ee seng Séil an d'Musek stécht.

Angela: Fir mech ass et Fräiheet dat ze maachen, wat mir och sinn.

Mat Lëtzebuerg verbannen ech ...

Leopold: Heemecht. Ech sinn zwar a Frankräich gebuer, mee säit deem ech denke kann, wunnen ech hei. An ech sinn och en zimmlech grousse Supporter vun der FLF. Also wann ech mol grad keng Prouf hunn, da ginn ech d'Matcher kucken. Also ech hoffen, wann ee mech an zwanzeg Joer freet "wéi ee Land géifs du als deng Heemecht bezeechnen", datt ech dann ëmmer nach Lëtzebuerg soe wäert.

Lörinc: Fir mech ass et dat selwecht. Also ech sinn zwar an Ungarn gebuer, mee ech sinn, wou ech dräi Joer al war, heihinner komm, an ech sinn hei an d'Schoul gaang. All meng Kolleege sinn hei. Dëst Land huet mir och erlaabt, sou vill Musek ze maachen.

Angela: Fir mech ass et, "Gromperekichelcher" net kënnen auszeschwätzen an awer verstanen ze ginn.

Carmen: Villes am Fong. Famill, Heemecht, Schutz a Sécherheet. Ech hunn all déi wichteg Leit a mengem Liewen hei kennegeléiert. 

Eise Song fir den ESC zeechent sech aus duerch ...

Carmen: En ass aus Frëndschaft entstanen. Ech mengen et héiert een den Ënnerscheed, wann ee Lidd vu Leit geschriwwe gouf, déi frou matenee sinn. 

Leopold: Jidderee vun eis huet säin Häerz doran investéiert. An ech mengen, dat ass eppes, wat aner Kandidaten net soe kënnen, datt esou vill Bandmembere wierklech hir Gedanken doranner investéiert hunn.

Mäi Liblings-Eurovisiounslidd ass ...

Lörinc: Fir mech ass et 2023 Finnland.

Angela: Engersäits d'Lidd vum Rybak wéinst der Gei, dat huet mech immens inspiréiert. Mee och "Poupée de cire". 

Carmen: Ech hunn d'Lidd vun Duncan "The Arcade" gär. 't ass ee schéint Lidd. Hien huet eng wonnerbar Stëmm an hëlt eis op eng Rees mat. 

Leopold: Satellite. Einfach nëmme well ech, als kleng Kand d'Lenanach esou cool fonnt hunn.