Radioen

On air

Notturno  |  Claire Parsons - Snow In August (Schlofzëmmerbléck)

play_arrow Live
search

/ Unnäherung un d'EU oder u Russland? Entscheedend Parlamentswalen a Georgien

International

Unnäherung un d'EU oder u Russland? Entscheedend Parlamentswalen a Georgien

A Georgien gëtt haut een neit Parlament gewielt. Ronn 3,5 Millioune Mënsche sinn opgeruff, hir Stëmm ofzeginn. Vill Leit gesinn an dëser Wal eng Aart Referendum iwwer d’Ausrichtung vum Land. D‘LSAP Deputéiert Liz Braz ass Deel vun der internationaler Walobservatiounskommissioun.

auto_stories

2 min

© picture alliance / photothek.de | Florian Gaertner
Foto: picture alliance / photothek.de | Florian Gaertner

Dës Wale gëllen als wichtegen Indicateur, wéi et an Zukunft viru goe soll: Méiglech ass eng Unnäherung un d‘EU oder eng méi enk Zesummenaarbecht mat Russland. D‘Republik am Südkaukasus ass nämlech een EU-Bäitrëttskandidat. Wéinst enger Parti ëmstridde Gesetzer läit dëse Prozess momentan op Äis.

Bei de Parlamentswalen a Georgien haut iwwerhëlt d’LSAP-Deputéiert Liz Braz eng wichteg Roll als Deel vun enger internationaler Walobservatiounsmissioun. Am 100,7-Interview erkläert d’Liz Braz, datt dës Walen entscheedend si fir d’geostrategesch Zukunft vu Georgien.

D’Liz Braz ass Deel vun enger OSZE-Missioun, un där och Delegatioune vum Europarot, dem NATO-Parlament an dem Europaparlament bedeelegt sinn. Ronn 500 Beobachter:innen iwwerwaachen d’Walen a sämtleche Regiounen am Land.

Neutral observéieren, ouni anzegräifen

D’Liz Braz erkläert, datt hir Missioun ausschliisslech dora besteet, de Waloflaf neutral ze iwwerwaachen: „Mir dierfen absolut net agräifen, och wann et zu Ongereimtheete kënnt,“ esou d’Liz Braz. Nëmme bei ganz schwéiere Verstéiss géifen d'Observateuren d’OSZE informéieren, déi dës dann an hirem Bericht festhält.

Op d’Sécherheetslag ugesprach, huet d’Deputéiert vu verstäerkter Policepresenz, virun allem am Regierungsquartier, geschwat. D’Police an d’Spärungen huelen eng präventiv Roll an, obwuel et an de leschten Deeg virun de Walen zu vereenzelte Spannungen a Protester koum. Déi politesch Parteien a Georgien erwaarden dofir eng héich Walbedeelegung.

Kloert Zeeche fir de Wëllen zur Demokratiséierung

D’Liz Braz ass iwwerzeegt, datt d’Missioun wäertvoll Ablécker gëtt, déi am Ofschlossbericht Recommandatioune fir d’Land festhalen, fir zukünfteg Walprozesser ze verbesseren. D’Invitatioun vun den internationalen Observateuren duerch d’georgesch Regierung ass, esou d‘Liz Braz, e kloert Zeeche fir hire Wëllen zur Demokratiséierung.

Déi aktuell Regierungspartei a Georgien steet fir eng national-konservativ Richtung a fir eng ekonomesch Zesummenaarbecht mat Russland, wärend déi éischter prowestlech Oppositioun eng europäesch Richtung aschloe wëll.