arrow_back_ios

Musek a Kultur

Musek a Kultur

/ Richtung22 muss endgülteg plënneren

Sträit mat der frEsch asbl

|
headphones

1 min

headphones

1 min

play_arrow

Richtung22 muss endgülteg plënneren

De Kënschtlerkollektiv Richtung22 muss aus dem Bâtiment 4 zu Esch eraus. Dat huet de Loïc Clairet, Direkter vun der zoustänneger frEsch asbl, op Nofro hi matgedeelt.

 

headphones

1 min

headphones

1 min

play_arrow
Bâtiment 4 | © Instagram Richtung22
Bâtiment 4 (Foto: Instagram Richtung22)

Eng Rei un Ursaachen hätten dozou gefouert, datt een de Kontrakt mat Richtung 22 net verlängere wollt, notamment och, datt d’Gebai net uerdentlech a Stand gehale gi wier.

Ausso géint Ausso

Richtung22 hat d’Grënn wéinst deenen si aus dem Gebai eraus missten, als falsch an als Rumeuren duergestallt. Deem widdersprécht de Loïc Clairet.

Falls de Kollektiv Richtung22, dee Stand elo fir den 31. Abrëll aus dem Gebai eraus muss, awer nach een oder zwee Méint Zäit bräicht fir ze plënneren, kéint een doriwwer schwätzen, sou nach den Direkter vu frEsch.

Datt Richtung22 bis 2029 am Gebai bleiwe kéint, wéi gefuerdert, wier dogéint ni eng Optioun fir frEsch gewiescht.

play_arrow Lauschteren