Radioen

On air

Ligne 2  |  Ligne 2

play_arrow Live
search

/ Robert Habeck wëll seng Kanzlerkandidatur ukënnegen, wat fir Spott vum Friedrich Merz suergt

Politescht Chaos an Däitschland

Robert Habeck wëll seng Kanzlerkandidatur ukënnegen, wat fir Spott vum Friedrich Merz suergt

An Däitschland wëll Robert Habeck vun de Grénge Medieninformatiounen no haut seng Kanzlerkandidatur ukënnegen. Eng Annonce, déi beim CDU-Chef Friedrich Merz fir Spott gesuergt huet.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Sebastian Gollnow
Foto: picture alliance/dpa | Sebastian Gollnow

Eng Kanzlerkandidatur bei 9 Prozent Wielerzoustëmmung hätt duerchaus och säin humoristeschen Deel, sou de Merz. De Moien haten der Spiegel an d‘ARD gemellt, datt den Habeck seng Kandidatur haut géif public maachen.

De Merz huet donieft kritiséiert, datt de Bundeskanzler Olaf Scholz réischt Enn Mäerz Neiwale wéilt. Dat wier onnéideg verspillten Zäit.