arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Russesch Attacken an der Regioun vu Kiew, op d'mannst 4 Mënschen ëm d'Liewe komm

Krich géint d'Ukrain

|
headphones

1 min

Russesch Attacken an der Regioun vu Kiew, op d'mannst 4 Mënschen ëm d'Liewe komm

Der regionaler Militärverwaltung no hätt Russland mat Dronen a ballistesch Rakéiten ugegraff. Nieft industrielle Sitte wieren dobäi och eng Studente-Residenz an ee Wunngebai getraff ginn. Véier Mënsche wieren dobä ëm d'Liewe komm a 15 weider Mënsche wieren blesséiert ginn.

headphones

1 min

© EPA/OLEG PETRASYUK
(Foto: EPA/OLEG PETRASYUK)

Russland mellt iwwerdeems Attacken op den Hafen Port Kawkas. Dobäi wier d'Infrastruktur vum Hafen an ee Schëff beschiedegt ginn, dräi Mënsche wiere verletzt ginn. Den Hafe gëtt am Ugrëff op d'Ukrain genotzt fir déi russesch Truppen ze beliwweren.