Den däitschen Ausseminister sot op der Münchener Sécherheetskonferenz, datt am Alexei Nawalny senger Läich Iwwerreschter vu Gëft vu sougenannte Feil-Fräschen aus dem Ecuador fonnt gi wieren. Et wier ee besonnesch staarkt Nervegëft, esou de Johann Wadeful. Et géif d‘Otem-Muskulatur lämen an d‘Affer géife qualvoll erstécken.
Nawalny a russescher Gefaangenschaft gestuerwen
Den Alexei Nawalny ass virun 2 Joer a russescher Gefaangenschaft gestuerwen. Deemools hunn d‘Autoritéite vun engem natierlechen Dout geschwat. Dem Nawalny seng Wittfra sot awer haut um Bord vun der Münchener Sécherheetskonferenz, datt een elo de Beweis dofir hätt, datt de russesche President Wladimir Putin ee Mäerder wier.