D‘Rakéit mat hire sechs konventionelle Sprengkäpp ass an der Stad Dnipro ageschloen. Dës Zort vu Rakéiten ass virgesinn, fir nuklear Sprengkäpp iwwer wäit Strecken ze transportéieren.
Vu russescher Säit huet et dann haut och geheescht, datt een alles géif maache fir een nukleare Konflikt ze verhënneren. Dat nodeems déi russesch Nuklearstrategie ëmgeschriwwe gouf.
Russland huet iwwerdeems erkläert, datt zwee brittesch Cruise Missiles vum Typ Storm Shadow ofgeschoss gi wieren. Dat awer ouni Prezisiounen.