Dobäi wier et och wichteg, datt Lëtzebuerg um Prinzip vun der Méisproochegkeet géif festhalen amplaz déi Kompetenzen ofzebauen, sot d‘Vera Dockendorf vum SEW am 100,7 Interview. Am Cycle inferieur hätten d'Schüler:innen esou nach manner Zäit fir un hiren Defiziter ze schaffen.
"Duerno hu se dann net d'Moyenne erreecht, fir vläicht vun der Cinquième op hir Wonschsektioun ze goen. Dat heescht, do soe mir eis, dat do wäert éischter fir manner Bildungschancë suergen."
D'Méisproochegkeet wier een Atout vu Lëtzebuerg. Wa manner Zäit fir d'Sproochen do wierr, da géifen d'Schüler:innen och manner Sprooche kënnen.