Radioen

On air

Concert  |  Kammermusek fir den Ouschterbrunch

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ SPD: Widderstand géint de Koalitiounsaccord wiisst

Kritik vun de Jusos

SPD: Widderstand géint de Koalitiounsaccord wiisst

Zënter leschter Woch steet de Koalitiounsaccord an Däitschland. Wärend bei der CDU an der CSU Parteigremien iwwer d'Zoustëmmung zum Accord decidéieren, hu bei der SPD d'Memberen deen decisive Vott. Vun haut Dënschdeg u stëmmen déi ronn 358.000 Membere vun de Sozialdemokraten of. An de Widderstand géint den Accord wiisst.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© picture alliance/dpa | Moritz Frankenberg play_arrow
(Foto: picture alliance/dpa | Moritz Frankenberg)

Bei de Jusos ass d'Stëmmung schlecht: D'Nowuessorganisatioun vun der SPD hält näischt vum Koalitiounsaccord, deen hir Mammepartei mat der Unioun ausgehandelt huet. D'Parteispëtzen hätten am Accord d'Sozialpolitik gréisstendeels vergiess, an zougelooss, datt d'Migratiounspolitik géif verschäerft ginn. Et misst noverhandelt ginn, sot de Juso-Chef Philipp Türmer dem däitschen RTL.

Fir den SPD-Chef Lars Klingbeil ass dat keng Optioun.

"Um das einmal klar zu sagen: Wenn das scheitert, wird es Neuwalen geben, oder eine Minderheitsregierung, oder Versuche, eine solche zu bilden."

Lars Klingbeil: Appell un d'Verantwortung

Bei enger Dialogkonferenz huet sech d'SPD-Spëtzt gëschter um Méindegowend de Froen, awer och der Kritik aus der eegener Partei gestallt. Nach kënnt déi virun allem vun de Jusos. Mee bei de Sozialdemokrate kommen éischt Erënnerungen un 2017 op, wéi d'Nowuessorganisatioun d'NoGroKo-Beweegung lancéiert hat a just knapps dru gescheitert war eng Regierungsparticipatioun ze verhënneren.

D'Parteispëtzt ëm de Lars Klingbeil probéiert dofir scho kräfteg un d'Verantwortung vun de Memberen ze appelléieren.

"Aber mein Wunsch ist auch, dass ihr euch informiert, dass ihr fragt, dass ihr auch kritisiert. Aber am Ende auch klar sagt: Ja, wir ducken uns nicht weg als Sozialdemokraten. Wir haben immer schon gezeigt in der Geschichte unseres Landes: Wir tragen Verantwortung."

Um 8 Auer geet de Vott haut de Moien un a bis den Owend vum 29. Abrëll kënnen d'SPD-Memberen ofstëmmen. Bis elo huet just d'CSU dem Koalitiounsaccord zougestëmmt. Bei der CDU soll de sougenannte klenge Parteidag den 28. Abrëll säin Accord ginn.

Lauschterenplay_arrow