Radioen

On air

Notturno  |  Lucio Battisti - Ami Ancora Elisa

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ SPD an Unioun nennen éischt Sondéierungsgespréicher "konstruktiv"

Bundestagswal

SPD an Unioun nennen éischt Sondéierungsgespréicher "konstruktiv"

Just fënnef Deeg no der Bundestagswal hu sech an Däitschland Unioun an SPD zu hiren éischte Sondéierungsgespréicher getraff. Et wier en oppenen a konstruktiven Austausch gewiescht, huet et duerno aus béide Parteie geheescht. Am Zentrum vun de Gespréicher dierft d’Fro stoen, wou d’Sue fir gemeinsam Pläng hierkommen.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Jörg Kukies (SPD) a Manuela Schwesig (SPD) | ©  picture alliance/dpa | Kay Nietfeld play_arrow
Jörg Kukies (SPD) a Manuela Schwesig (SPD) (Foto: picture alliance/dpa | Kay Nietfeld)

Et war also keen Zoufall, datt de Jörg Kukies direkt zum Ufank vun de Sondéierungsgespréicher invitéiert war. Den däitsche Finanzminister sollt de Vertrieder vun Unioun an SPD en Iwwerbléck iwwert d’Lag vum Budget verschafen. Sou waren da béid Ekippen, jee néng Politiker:innen aus Unioun an SPD, um neiste Stand.

Sträitpunkt: Migratioun

Op enger CDU-Veranstaltung no den éischte Gespréicher sot de Friedrich Merz, fir hie géif am Mëttelpunkt stoen, datt een d'Verdeedegungscapacitéit vum Land erëm misst hierstellen. 

Virun allem bei der Migratiounspolitik wäerten Unioun an SPD awer eng Réi Differenze mussen iwwerbrécken, sollt et zu Koalitiounsverhandlunge kommen. Zwar ass eng schwaarz-rout Regierung déi eenzeg realistesch Koalitioun no der Wal, den SPD-Chef Lars Klingbeil huet awer ëmmer nees betount, et wier trotzdeem keng Garantie, datt d’Parteien zouenee géife fannen.

Dauerhafte Sträit schued der Demokratie

Dat läit och dorun, datt nom haarde Walkampf an der Asyldebatt vum Januar d’Vertrauen tëschent Unioun an SPD elle getéitscht ass. Dozou seet d’Manuela Schwesig, SPD-Ministerpräsidentin aus Mecklemburg-Vorpommern, datt en dauerhafte Sträit der Regierung an der Demokratie géif schueden. 

Iwwert de Weekend pausen d’Gespréicher elo mol, e Sonndeg ass nach Landtagswal zu Hamburg. Nächst Woch sollen d’Sondéierungsgespréicher dann awer weidergoen. De Friedrich Merz well bis Ouschteren déi nei Regierung opgestallt hunn.

Lauschterenplay_arrow