arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Saarbrécken: Honnerte Leit protestéiere géint Grënnung vun AfD-Jugendorganisatioun

Däitschland

|
headphones

1 min

Saarbrécken: Honnerte Leit protestéiere géint Grënnung vun AfD-Jugendorganisatioun

Grond war eng Grënnungsversammlung vum Landesverband vun der Jugendgruppéierung „Generation Deutschland“ vun der AfD. D‘Organisatioun gëllt als Nofolleg vun der fréierer „Jungen Alternative“, déi als rietsextrem agestuuft ginn war.

headphones

1 min

"Initiative gegen AfD und Rassismus" | © picture alliance/dpa | Laszlo Pinter
"Initiative gegen AfD und Rassismus" (Foto: picture alliance/dpa | Laszlo Pinter)

Organiséiert gouf de Protest vun der "Initiative gegen AfD und Rassismus". Déi nei Grënnung wier en Täuschungsmanöver nodeems déi fréier Jugendorganisatioun vum Verfassungsschutz als rietsextrem agestuuft gouf, esou d'Kritik. De Grupp hat eng Sëtzblockad virun der Parteizentral vun der AfD an der Dudweiler Landstraße organiséiert. Dowéinst hat Stross missten fir de Verkéier gespaart ginn, dat mellt déi däitsch Police.