D'AfD hat bei de Walen am Ost-Däitsche Bundesland eng absolut Majoritéit ëm gutt sechs Prozent verfeelt. Virun de Walen hat den Ulrich Siegmund gesot, hien géif sech net als Ministerpresident am Landtag opstellen, wann d'AfD net déi absolut Majoritéit hätt. Elo schéint hien seng Meenung geännert ze hunn.
Fir am Dezember zum Ministerpresident vu Sachsen-Anhalt gewielt ze ginn, brauch de Politiker op mannst d'Stëmme vun enger anerer Fraktioun.
Koalitiounsbildung ass schwéier
D'AfD géif den Ament Gespréicher mam Bündnis Sarah Wagenknecht (BSW) féieren. Eng Koalitioun an d'Wal vum Ulrich Siegmund als Ministerpresident hat de BSW eigentlech schonn ausgeschloss.
Och d'SPD, Grüne an die Linke féieren den Ament Gespréicher mam BSW. D'Partei vun der fréierer Politikerin vun die Linke, Sarah Wagenknechtf, war bei de Landtagswalen a Sachsen-Anhalt op 5,3 Prozent komm. D'AfD an d'Bündnis Sarah Wagenknecht géifen zesummen op 44 vun 83 Sëtz kommen, a kéint domat am Landtag regéieren.
"Brandmauer gegen Rechts"
D'AfD a Sachsen-Anhalt gëllt als geséchert rietsextrem. D'CDU an och aner Partien aus der breeder Mëtt hunn sech op déi sou genannten "Brandmauer gegen Rechts" gëeenegt. Dat heescht datt si keng Koalitioun mat der AfD aginn. Déi rietsextrem Partei hat drop gepokert, datt CDU-Politiker a Sachsen-Anhalt no dem Walsuccès vun der AfD iwwerlafe kéinten.
Bis elo huet sech dat net bewäert. Ob sech eng Koalitioun fënnt oder ob et zu enger Minoritéitsregierung am Landtag a Sachsen-Anhalt kënnt bléift ofzewaarden.