Radioen

On air

Vue sur mer  |  Weekend Affair - La Fête Est Finie

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Sacha Borsellini dierf net zeréck an de Staatsdéngscht

Haaptgéigner vun de Covid-Mesuren

Sacha Borsellini dierf net zeréck an de Staatsdéngscht

Mam Ex-Giischtje Sacha Borsellini bleift ee vun den Haaptgéigner vun de Covid-Mesurë vun der Regierung aus dem Staatsdéngscht ausgeschloss. Och déi zweet Instanz vum Verwaltungsgeriicht huet dem Mann mam Spëtznumm "Sa Bo" nämlech elo net Recht ginn.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Stater Geriicht - grousse Sall 1.10 | © Eric Ewald play_arrow
Stater Geriicht - grousse Sall 1.10 (Foto: Eric Ewald)

Op Hellegowend 2021 gouf de Fonctionnaire am Kader vun enger Protestaktioun um Knuedler vun der Police matgeholl. Hie gouf kuerz no Chrëschtdag vum Déngscht suspendéiert an am Abrëll 2022 revoquéiert.

Aktiv Roll bei Organisatioun vu Manifestatioune géint Covid-Mesuren

D’Cour administrative hält an hirem Urteel fest, datt de Sacha Borsellini contestéiert hätt, iwwert d’Sozial Medie verbuede Manifestatiounen organiséiert oder zur Participatioun dorun opgeruff ze hunn. D’selwecht wéi d’Riichter:innen an éischter Instanz gesinn och an déi an zweeter eng aktiv Roll vum Ex-Giischtche bei der Organisatioun vun de Manifestatioune géint d’Covid-Mesurë vun der Regierung. Dobäi hätt sech de Sacha Borsellini ëffentlech Verschwörungstheorien ugeschloss.

Ëffentlech Diskreditéierung vun den Autoritéiten

Op de Manifestatiounen hätt de deemolege Fonctionnaire d’Regierung beleidegt, andeems hie vun "Impf-Apartheidsstaat" a vun "Impf-Faschismus" geschwat huet. Dobäi huet hie sech och als Fonctionnaire ze erkenne ginn. A puncto Gebrauch vu sengem Handy zu Schraasseg hätt de Mann géint intern Instructioune verstouss. 

Datt hie Schraasseg als "Arbeitslager" bezeechent huet, wier kee schlechte Witz gewiescht, mee eng ëffentlech Form vun Diskreditéierung vun den Autoritéiten. D’Limitatioun vun der Meenungsfräiheet vum Ex-Giischtjen hätt an enger demokratescher Gesellschaft en noutwendegen an ugemoossenen Agrëff duergestallt, sou d’Riichter:innen am Urteel an zweeter Instanz.

Revocatioun wier net disproportionéiert

Zur Gravitéit vun de Faite schreift d’Cour administrative, datt sech de Sacha Borsellini als Fonctionnaire exemplaresch ze behuelen hat, bannent a baussent dem Prisong. Wéinst der Widderhuelung vun de Virfäll a well sech de Betraffenen der Gravitéit vu sengem Behuelen net bewosst wier, kéint hien net am ëffentlechen Déngscht bleiwen.

Seng Revocatioun wär net disproportionéiert an dat éischt Urteel deemno ze confirméieren. Hien hätt och keng 20.000 Euro Indemnité de procédure fir déi zwou Instanzen zegutt.

Lauschterenplay_arrow