search

/ Schisprange kombinéiert Vitess, Technik an eng grouss Portioun Courage

Olympesch Wanterspiller

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Schisprange kombinéiert Vitess, Technik an eng grouss Portioun Courage

Bei den Olympesche Wanterspiller zu Mailand a Cortina d'Ampezzo ass et haut den Optakt vum Schisprange bei de Männer. Eng Sportaart, déi bei de Fans beléift ass, an nawell spektakulär ka sinn.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
De Slowen Domen Prevc gëllt als grousse Favorit op d'Goldmedail. | © EPA/URS FLUEELER
De Slowen Domen Prevc gëllt als grousse Favorit op d'Goldmedail. (Foto: EPA/URS FLUEELER)

Fir warscheinlech keng aner Wanterdisziplin brauch et esou vill Courage wéi fir d’Schisprangen: Eng Schanz, déi knapp 100 Meter laang ass, an op där d'Schisprénger:inne bis zu 90 km/h erreechen, éier se wäit iwwer 100 Meter wäit fléien.

E gutt gefëllte Programm

Genee dat maachen d’Schisprénger haut den Owend un op der Normal-Schanz zu Predazzo. Op där goufen e Samschdeg scho Medaile bei de Frae verdeelt.

Muer steet dann d’Ekippe-Kompetitioun um Programm, éier et nächste Weekend da souwuel bei de Frae wéi och bei de Männer op d’Groussschanz geet. Déi ass nach emol 20 Meter méi laang wéi d’Normalschanz.

Et kënnt op d'Distanz an d'Technik un

Deen, deen am wäitste spréngt, ass awer net ëmmer deen, deen och herno gewënnt. Gekuckt gëtt nieft der Distanz nämlech och d’Technik. Béides gëtt a Punkten ëmgewandelt. A jee no Wandvitesse kritt ee Punkten dobäi, oder ofgezunn. Et gewënnt also herno dee mat de meeschte Punkten.

A fir vill Punkten ze kréie kënnt et och drop un e gudden Telemark ze setzen. Esou nennt een d’Landung, fir déi een déi meescht Punkte kritt: Ee Schi parallel virum aneren, déif an d’Knéie gebéckt, an d’Äerm säitlech ausgestreckt.

Zu de Favoritten zielen den Owend bei de Männer iwwerdeems de Sloween Domen Prevc, den Éisträicher Stefan Kraft, an de Japaner Ryoyu Kobayashi.

play_arrow Lauschteren