Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schnéichaos a Frankräich: Ronn 270.000 Stéit waren ouni Stroum

Och haut gëllt nach Alerte Orange

Schnéichaos a Frankräich: Ronn 270.000 Stéit waren ouni Stroum

De Stuerm Caetano huet gëschter um Donneschdeg iwwer Frankräich ewech geblosen an op ville Plaze fir Schnéichaos a Problemer am Trafic gesuergt. Eng 270.000 Stéit waren zäiteweis ouni Stroum. Och haut um Freideg gëllt a verschiddenen Departementer nach déi zweethéchst Warnstuf.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© picture alliance / NurPhoto | Jerome Gilles play_arrow
Foto: picture alliance / NurPhoto | Jerome Gilles

Ganzer 54 Departementer hat Météo France gëschter wéinst Stuerm a Schnéi ënnert d’Warnstuf Orange gestallt, déi zweethéchsten a Frankräich. Plazeweis waren 20 Zentimeter Schnéi gefall.

Och haut um Freideg kéinten nach eng 31 Departementer orange bleiwen, well de ville Schnéi opgrond vun de Minustemperaturen iwwer Nuecht gefruer an zu Glatäis ginn ass.

Pertubatioune beim Fluch- an Zuchverkéier

Besonnesch am Weste vum Land war den Zuchverkéier staark perturbéiert. TGVen hate bis zu 4 Stonne Retard. Och de Loftverkéier war vum Schnéi staark betraff: Eng 120 Air France Flich goufen annuléiert. Dat virun allem zu Paräis.

De Stroumversuerger Enedis hat gemellt, datt zäiteweis eng 270.000 Stéit an der Normandie, Loire a Bretagne ouni Stroum waren. Wéinst dem staarke Wand, dee plazeweis Spëtze vun 120 km/h erreecht huet ass a verschiddenen Departementer d’Schoul ausgefall. Och haut wäert et an der Normandie an e puer aneren Departementer moies kee Schoultransport ginn.

Zu Nantes gouf iwwerdeems gëschter eng Persoun schwéier blesséiert, wéi e Bam op hiren Auto gefall ass. D’Klima an Energieministesch Agnès Pannier-Runacher sot géigeniwwer BFMTV, et misst een och haut um Freideg nach virsichteg bleiwen an et kéint op ville Plazen zu Problemer am Verkéier kommen, besonnesch ronderëm d’Atlantikküst an an den Alpen.

Lauschterenplay_arrow