arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéinst der Hëtzt sollen d'Schoulen an d'Aarbechtsplazen sech upassen

Educatioun

|
reading time

1 min

Wéinst der Hëtzt sollen d'Schoulen an d'Aarbechtsplazen sech upassen

Am Kontext vun den héijen Temperaturen, déi fir déi nächst Deeg erwaart ginn, deelt den Educatiounsministère mat, datt de Prinzip gëllt, datt den Unterrecht weidergefouert gëtt. Déi pedagogesch Aktivitéite sollen awer un d'Temperaturen an déi lokal gebailech Gegebenheeten ugepasst ginn.

reading time

1 min

© picture alliance / dpa | Matthias Balk
(Foto: picture alliance / dpa | Matthias Balk)

Dofir huet de Ministère de Schouldirektiounen haut nach emol d’Lignes directrices a Recommandatioune geschéckt, wéi d‘Schoulpersonal d‘Kanner ka schützen a wéi eng preventiv Mesurë méiglech sinn. 

Eng eventuell Dispens ka just en cas de force majeure decidéiert ginn, um lokalen Niveau, dat heescht vun de Gemenge fir d’Grondschoulen an de Lycéesdirektioune fir de Secondaire.

Eng Dispens um nationalen Niveau fir all Schoule wier net ubruecht, vu datt d’Conditioune vu Gebai zu Gebai variéieren. Ausser wann d‘Hëtztwell méi laang géif unhalen an d‘Cellule de crise vun der Regierung dat fir néideg géif halen. 

ITM gëtt Recommandatioune fir d'Aarbechtsplazen eraus 

D‘ITM huet och eng Rëtsch Recommandatiounen erausginn, wéi een sech am beschte virun der Hëtzt op der Aarbecht ka schützen. Besonnesch wann een dobausse schafft, soll am beschten am Schied geschafft ginn.

De Patron misst och dofir suergen, datt d‘Salariéë genuch ze drénken hunn. An och d‘Kleedung soll ugepasst sinn. Et soll een hell Kleeder unhunn, e Sonnebrëll, eppes um Kapp an an der Nuque a Sonnecrème.

Och banne misst de Patron dofir suergen, datt genuch Waasser fir d‘Salariéen zur Verfügung steet, datt d'Store sollen zougezu ginn an eventuell Ventilatoren zur Verfügung stinn.