Dee „Command Liaison and Reconnaissance Vehicle” war am Oktober 2024 zu Dikrech virgestallt ginn.
Zwee Joer virdrun hat d’Arméi, am Hibléck op eng Modernisatioun vun hirer Flott, decidéiert, 80 där gepanzert Gefierer ze kafen.
Lëtzebuerg d'lescht Joer ënner Haaptclientë vun der Schwäiz
Op Nofro hin huet de Ministère donieft nach un d’Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun zejoert erënnert. Doraus geet ervir, datt an den zéng Joer virdrun, an 21 europäesche Länner an an Israel, Kanada an an den USA Militärmaterial kaf gouf.
En Dënschdeg hat d’Agence France Presse gemellt, datt Lëtzebuerg 2025 an der Schwäiz Waffen a Krichsmaterial am Wäert vu 47,4 Millioune Schwäizer Frang kaaft hat. Ëmgerechent sinn dat knapp 52,5 Milliounen Euro.