search

/ Schweden huet grouss Cyberattack verhënnere kënnen

Russland wuel involvéiert

|
reading time

1 min

Schweden huet grouss Cyberattack verhënnere kënnen

Schweden huet am Fréijoer d'lescht Joer eng groussugeluechte Cyberattack op eng Energiezentral am Weste vum Land ofgewiert. E Grupp vu pro-russeschen Hacker soll deemno probéiert hunn déi thermesch Zentral ofzeschalten. Dat wier awer net gelongen, heescht vum schweedesche Minister fir Zivilschutz.

reading time

1 min

© picture alliance / Westend61 | Andrew Brookes
(Foto: picture alliance / Westend61 | Andrew Brookes)

De schweedesche Geheimdéngscht hätt déi Responsabel, déi fir de russesche Geheimdéngscht geschafft hätten, kënnen identifizéieren. D‘Attack hätt awer weider keng Konsequenze gehat.