arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schweedesch Küstegard huet Pëtrolstanker vun der russescher Schattenflotte gestoppt

Ostsee

|
reading time

1 min

Schweedesch Küstegard huet Pëtrolstanker vun der russescher Schattenflotte gestoppt

Déi Schweedesch Küstegard hätt an der Ostsee ee Pëtrolstanker duerchsicht, deen der russescher Schattenflotte sollt ugehéieren. Den Equipage steet am Verdacht, fir eng grouss Uelegverschmotzung an der Ostsee verantwortlech ze sinn.

reading time

1 min

Pëtrolstanker (Symbolbild) | © EPA/OLIVIER HOSLET
Pëtrolstanker (Symbolbild) (Foto: EPA/OLIVIER HOSLET)

Bei der Duerchsichung hätt sech erausgestallt, datt d‘Schëff op der Sanktiounslëscht vun der EU steet. Ënner wéi engem Fändel d‘Schëff fiert wier onkloer. 

Mat Schëffer aus de Schattenflotte probéiert Russland, Sanktiounen ze ëmgoen, déi als Konsequenz fir säi Krich géint Ukrain agefouert goufen. Et handelt sech heibäi dacks ëm eeler Schëffer, bei deenen de Risiko fir Ëmweltverschmotzung méi héich ass.