Radioen

On air

Notturno  |  The Düsseldorf Düsterboys - Ab Und Zu

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Schwéiert Accident tëschent Bus an Auto

Äifel

Schwéiert Accident tëschent Bus an Auto

An der Eifel gouf et am Dënschdegnomëtteg en Accident tëschent engem Lëtzebuerger Liniebus an engem Auto. 4 Leit goufe blesséiert. Den Automobilist wier a Liewensgefor, de Busfuerer schwéier blesséiert, schreift déi däitsch Presseagence. Zwou aner Persoune goufe méi liicht blesséiert.

auto_stories

1 min

Bei engem Accident op der Bundesstraße 50 bei Bitburg an der Äifel si 4 Mënsche blesséiert ginn. | © picture alliance/dpa | Harald Tittel
Bei engem Accident op der Bundesstraße 50 bei Bitburg an der Äifel si 4 Mënsche blesséiert ginn. (Foto: picture alliance/dpa | Harald Tittel)

Den Accident war op der Streck tëschent Bitburg an Oberweis. Béid Gefierer waren an déi selwecht Richtung ënnerwee. Den eigentleche Virgang vum Accident bleift ze klären, den Zesummestouss koum awer bei engem Iwwerhuelmanöver.