arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Auteur vu verdächtegem Graffiti gouf fonnt, nodeems Europaschoul haut zoubliwwen ass

Educatioun

|
reading time

1 min

Auteur vu verdächtegem Graffiti gouf fonnt, nodeems Europaschoul haut zoubliwwen ass

De presuméierten Auteur vum verdächtege Graffiti wier identifizéiert, huet de Parquet elo matgedeelt. D‘Enquête géif och nach weidergoen fir déi genee Emstänn vun de Faiten an eventuell Responsabilitéiten ze klären, esou de Parquet.

reading time

1 min

© Ilona Lablaika / Bigstock
(Foto: Ilona Lablaika / Bigstock)

D‘lescht Woch wiere besuergneserreegend Graffitien an den Toilette vun der Schoul entdeckt ginn. An deem Kontext hätt d‘Europaschoul preventiv decidéiert, haut zou ze bleiwen. En Acceuilsservice géif assuréiert ginn. D‘Police géif och verstäerkt op der Plaz bleiwen.

Déi kompetent Autoritéite goufen direkt ageschalt an eng Enquête gouf opgemaach. D‘Enquête gëtt vun der Police ënner der Direktioun vum Parquet geleet. 

De Parquet erënnert drun, datt ee esou Messagen net ze vill Publicitéit sollt ginn, well dat genee dat wier, wat d‘Auteure vun de Message wéilten erreechen.