Zu esou enger Stéchwal wéi haut koum et a Portugal zënter 1986 net méi.
Stéchwal tëschent zwee ganz verschiddene Kandidaten
Am éischten Tour krut den António José Seguro vun der Sozialistescher Partei, déi meescht Stëmmen, mat 31 Prozent. Et ass dat bescht Resultat fir d'Sozialisten zënter 25 Joer. Deemols hate si 55 Prozent vun de Stëmme kritt.
De Chef vun der riets-extremer Chega-Partei, André Ventura, gouf zweeten, mat eppes méi wéi 23 Prozent vun de Stëmmen. Hie konnt ënner Anerem an der sozialistescher Héichbuerg Madeira 33 Prozent vun de Stëmme kréien.
An dobäi kéinten déi zwee Kandidaten net méi ënnerschiddlech sinn.
Eng Walcampagne markéiert vun Onwieder
Eischt Resultater sollen et den Owend ginn. Well awer am ganze 14 Walbezierker décidéiert hunn, d’Walen ëm eng Woch ze verleeën, ass nach net kloer, op een den Owend scho wësse kann, wien dës Wale gewonnen huet.
D’Walkampagne gouf duerch déi schro Stierm markéiert, déi op ville Plazen Iwwerschwemmungen provozéiert hunn an op mannst 11 Mënschen d'Liewe kascht hunn.