Serbien hätt an der Lescht decisiv Progrèse gemaach, dowéinst wielt d’Kommissioun ee Schratt virugoen, sot e Mëttwoch de Mëtteg de Guillaume Mercier, de Spriecher vun der Kommissioun fir d’EU-Erweiderung
An der Justizreform, beim Medie-Regulateur an dem Walgesetz - dowéinst ass d’Kommissioun der Meenung datt de Cluster 3 kann opgemaach ginn, well Serbien Efforte gemaach huet an deenen a Schlësselsujeten.
EU-Parlament gëtt Serbien eng Datz
Am Europaparlament awer krut Serbien haut an deem Prozess haut offiziell eng Datz.
Am Jores-Rapport iwwert d’Erweiderung kommen d’Europadeputéiert zum Schluss, datt d’Land just da virukomme soll, wann et signifikante Progrès gouf.
Den aktuelle Regime vum serbesche President Aleksandar Vucic, dee säi Récktrëtt an nei Walen annoncéiert huet, géif awer éischter hanne goen, sou de Constat am Parlament.
Ënnert senger Presidence wier d’Land zeréckgaangen, wat Demokratie, d’Mediefräiheet, d’Transparenz, d’Korruptioun ugeet, sou den éisträichesche Sozialdemokrat Andreas Schieder
Dat alles geet duer, fir doriwwer ze diskutéieren, EU-Suen anzefréieren.
Onverständnis iwwer Decisioun vun der EU-Kommissioun
Doriwwer dat d’Kommissioun grad elo de Contraire proposéiert, gëtt am Parlament de Kapp gerëselt.
“Mir sinn intrigéiert”, esou de Rapporter vum Parlament an deem Dossier, den Tonino Picula, vun de kroatesche Sozialisten op Nofro.
Nach zejoert hätt d’EU-Kommissioun an hirem Rapport Serbie mat schaarfe Wierder massiv Réckschrëtt attestéiert, et wier onkloer wou si elo Fortschrëtter ausmécht
Mir gesi kee substantielle Progrès zanter dem November zejoert an dem Juli dëst Joer
A Serbie soll am Hierscht nei gewielt ginn. Grad en vue dovu wier d’Aschätzung vun der EU iwwert den Zoustand vum Land wichteg, sou d’Aschätzung hei zu Stroossbuerg am Europaparlament