arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Skepsis u Pläng vun ëmstriddene Friddensrot fir Gaza nees opzebauen bleift

International

|
headphones

1 min

Skepsis u Pläng vun ëmstriddene Friddensrot fir Gaza nees opzebauen bleift

Den US-President Donald Trump huet bei der éischter Sitzung vum Friddensrot gesot, datt eng Rei Member-Staaten ëmgerechent bal 6 Milliarden Euro Hëllef fir d’Gazasträif versprach hätten. Trotz der Ukënnegung, gëtt et weider Skepsis un der Ëmsetzung vum Plang fir déi zerstéiert Gazasträif.

headphones

1 min

D’Strooss Al-Rashid am Nordwesten | © EPA/HAITHAM IMAD
D’Strooss Al-Rashid am Nordwesten (Foto: EPA/HAITHAM IMAD)

Dem israeelesche Premier Benjamnin Netanjahu no, kéint den Erëmopbau eréischt ufänke wann d’Terror-Organisatioun Hamas keng Waffe méi hätt. Dem US-President no, géif d’Hamas "haart bestrooft“ ginn, wa si hir Waffen net ofgëtt.

Déi als Terror-Organisatioun agestuuften Hamas huet gefuerdert, datt d’Aggressioun an d’Occupatioun vu palästinenseschem Territoire duerch Israel missten op een Enn bruecht ginn.