arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Soll Island EU-Member ginn? D’Islänner decidéieren iwwer nei Bäitrëttsgespréicher

Virum Referendum

|
reading time

3 min

headphones

9 min

play_arrow

Soll Island EU-Member ginn? D’Islänner decidéieren iwwer nei Bäitrëttsgespréicher

De Sondagen no ass Island gespléckt: Knapp 51 Prozent wieren den Ament dofir, datt d’Gespréicher nees opgeholl ginn. Dat sot de Professer op der Uni Reykjavik Maximilian Conrad am 100,7-Interview. Eng geziilt Desinformatiouns-Campagne géif awer och Drock op d’Wieler maache fir dogéint ze stëmmen.

reading time

3 min

headphones

9 min

play_arrow
Reykjavik | © picture alliance / pressefoto_korb | Micha Korb
Reykjavik (Foto: picture alliance / pressefoto_korb | Micha Korb)

D’Regierung an Island huet viru gutt engem hallwer Joer annoncéiert, datt si d’Bevëlkerung froe wëllt, wéi si zu de Bäitrëttsverhandlunge mat der EU steet.

Deemools hätten nach däitlech méi Islänner:inne wëllen dofir stëmmen, esou de Maximilian Conrad, Politolog op der Uni Reykjavik. Hie fuerscht zum Theema europäesch Integratioun.

Desinformatiouns-Campagne

Datt et elo kuerz virum Referendum praktesch 50:50 steet, läit a sengem Aen un enger massiver Desinformatiouns-Campagne, déi ënner anerem vun engem fréieren islännesche President ënnerstëtzt gëtt.

“Ich denke, es liegt an einem sehr effektiven Wahlkampf der Nein-Seite, warum die Zahl der Befürworter jetzt so stark geschrumpft ist. Da wurde natürlich auch viel mit Angst und Furcht gearbeitet.”

An dëser Campagne géif den Islänner:innen ageriet ginn, datt et nom Referendum muer keen Zeréck méi gëtt - an Island da per se der EU misst bäitrieden. Dem wier awer net esou, seet de Maximilian Conrad. 

Fëscherei an Tourismus

Virun iwwer zéng Joer hat Island scho mat der EU verhandelt. Sträitpunkt ware virun allem d’Fëscherei an d’Exporter, déi domat zesummen hänken.

Sollt Island dëse Samschdeg fir nei Gespréicher stëmmen, dierften d’Landwirtschaft an d’Fëscherei och nees eng wichteg Roll spillen. Mëttlerweil wier awer och den Tourismus e wichtegt ekonomescht Standbeen ginn. 

Den Unis-Professer geet och dovun aus, datt d’Punkten, op deenen ee sech deemools schonn eens war, erëm nei verhandelt misste ginn. Dat, well et schonn iwwer zéng Joer hier ass.

E Gletscher op Island | © picture alliance / imageBROKER | OndaTravel
E Gletscher op Island (Foto: picture alliance / imageBROKER | OndaTravel)

Trump-Menacen an Inflatioun

Déi geopolitesch Lag hätt sech zënter hier verännert. D’Menacë vum US-President Donald Trump, Grönland wëllen ze annektéieren, hätt op der Nopesch-Insel Island dozou gefouert, datt de Referendum virverluecht ginn ass. Datt Island dowéinst elo awer méi no un d’EU geréckt ass, kann de Maximilian Conrad net bestätegen. 

“Dieser geopolitische Aspekt hat dann in der Diskussion tatsächlich eine eher kleine Rolle gespielt, weil andere Faktoren wichtiger erschienen."

Duerch déi geopolitesch Entwécklunge wier d’Inflatioun geklommen. Den Euro kéint hei Entlaaschtung bréngen.

“Es ist fast unmöglich, wenn man sich eine Wohnung oder ein Haus kaufen möchte, einen Kredit aufzunehmen, den man dann auch tatsächlich abbezahlen könnte, sodass aus der Perspektive die Aufnahme des Euro, zumindest auf der Ja-Seite, eine sehr viel grössere Rolle gespielt hat.”

Et bleift also spannend, wéi sech d'Wieler:innen op Island dëse Samschdeg wäerten entscheeden.

Esou oder esou geet et fir de Moment mol just ëm d’Erëm-Ophuele vu Bäitrëttsgespréicher.

play_arrow Lauschteren