arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sonndesaarbecht an Ouvertureszäiten: Oppe Froe mussen nach gekläert ginn

Wirtschaft

|
headphones

1 min

Sonndesaarbecht an Ouvertureszäiten: Oppe Froe mussen nach gekläert ginn

Et sollt een, wat d’Gesetztexter zur Sonndesaarbecht an zu den Ouvertureszäiten am Commerce ugeet, nei Avise vum Staatsrot ofwaarden: Dat sot d’gréng Deputéiert Joëlle Welfring am Nomëtten, no enger gemeinsamer Reunioun vun de Chamberkommissioune vun der Aarbecht a vun der Ekonomie zu dëse Sujeten.

headphones

1 min

© Jo Diseviscourt
(Foto: Jo Diseviscourt)

 No den Divergenzen an der Sozialronn vu virun engem Mount huet d’Regierung haut nach emol hir Ännerungsvirschléi fir d’Liberaliséiere vun den Ouvertureszäiten a vun der Sonndesaarbecht presentéiert.

D’fréier Ministesch an aktuell Oppositiounsdeputéiert huet Zweiwelen dorun, datt d’Regierung op dëse Punkten un engem Kompromëss interesséiert ass. Schwaarz-blo wéilt villméi Decisiounen huelen, well d’Positioune vun de Gewerkschaften a vum Patronat ze wäit ausenee leien. Sinn dann an den Ae vum Joëlle Welfring d’Opposition formellë vum Staatsrot a Saachen Ouvertureszäite vum Dësch?

"Ech denken, dass do elo drop geschafft gouf. Mä, wéi gesot, aner Froen, déi elo net eng formell Oppositioun waren, mä wou wierklech gesot ginn ass, eis feelt et un der Begrënnung an u wierklech handfesten Tatsaachen, op déi déi heiten Decisioune begrënnen, déi sinn nach ëmmer net beäntwert.”

Dofir wier et wuel besser, op d’nei Avie vum Staatsrot ze waarden, sou d’Deputéiert vun déi Gréng.