arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Sozialist vs. Rietsextremist: Portugal wielt muer am zweeten Tour een neie President

Portugal

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Sozialist vs. Rietsextremist: Portugal wielt muer am zweeten Tour een neie President

Déi portugisesch Populatioun ass muer um Sonndeg dozou opgeruff, de Successeur vum 77 Joer ale Marcelo Rebelo de Sousa ze wielen. Am Ballottage sti sech de Sozialist Antonio José Seguro an de Chef vun der rietsextremer Chega-Partei André Ventura géintiwwer.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© EPA/JOSE SENA GOULAO
(Foto: EPA/JOSE SENA GOULAO)

Den 63 Joer ale Sozialist Antonio José Seguro gëllt als grousse Favorit par rapport zum 43 Joer ale Chef vun der rietsextremer Chega-Partei André Ventura. Beim éischten Tour konnt kee Kandidat sech duerchsetzen. 

Zwee komplett verschidde Kandidaten 

Méi ënnerschiddlech kéinten déi zwee Kandidaten net sinn, vun hirer Perséinlechkeet a vun hire politesche Parcoursen hier.

Mee de Moment interesséiere sech e sëlleche Portugise manner fir Politik wéi fir d’Wiederen an déi zum Deel impressionnant Iwwerschwemmungen, déi de schloe Reen no sech gezunn huet. Net ze schwätze vun deenen Honnerte Portugisen, déi dowéinst hu missen evakuéiert ginn.

Onwieder gi weider

Déi aussergewéinlech Wiederen hunn och en Doudesaffer gefuerdert. D’Wiederdéif Leonardo sollt gëschter um Freideg un Intensitéit noloossen, mee Flëss, wéi den Douro, sinn aus hirem Bett geklommen, iwwerdeems op anere Plazen de Risiko bestoung, datt de Buedem gerëtscht kéim.

Zu Porto steet den Douro bei den Terrasse vun de Caféen no beim Waasser, an um grousse Floss ass et fir d’Schëffer verbueden ze fueren.

Nom Leonardo steet iwwregens schonn d’Déif Marta virun der Dier, dat Portugal a Spuenien haut um Samschdeg mat zolittem Reen a staarkem Wand treffe soll.

Nawell sollen d’Leit muer wiele goen. Zu Alcácer do Sal, am Süde vum Land, wäert dat awer net de Fall sinn. Dës Gemeng gouf mat am meeschte vun den Iwwerschwemmunge getraff, an d’Autoritéiten hunn dann och décidéiert, d’Walen do ëm eng Woch no hannen ze verréckelen.

Kee Verréckele vun de Walen 

Den André Ventura, Chef vun der rietsextremer Chega-Partei, deen an de Sondagen hanne läit, hat e Verréckele vun de Walen am ganze Land gefuerdert.

Déi national Walautoritéit hat déi Demande séier zeréckgewisen, well d’Gesetz sou e generellt Verréckele vun nationale Walen net erlabe géif. Wuel hat och de sozialdemokratesche Premier Luis Montenegro vun enger uerger Kris geschwat, mee déi wier ze iwwerwannen.

play_arrow Lauschteren