D’Messenger App Signal gëllt als besonnesch gutt geschützt. Och dowéinst notze Politiker:inne se gären, fir Messagen an Dokumenter ze deelen.
Bundestagspresidentin a Membere vun der Regierung betraff
Schonn zënter zwee Méint warnt den däitsche Verfassungsschutz virun Attacken op Signal-Konten. Mëtt lescht Woch gouf dunn ëffentlech, datt och grouss Nimm aus der däitscher Politik Affer vun dësen Attacke goufen. Notamment d’Julia Klöckner vun der CDU, Presidentin vum däitsche Bundestag.
Iwwer de Weekend hunn d’Noriichtenagence dpa an de SPIEGEL gemellt, datt wuel och zwee Membere vun der Bundesregierung betraff solle sinn: d’Bildungsministesch Karin Prien vun der CDU, an d’SPD-Bauministesch Verena Hubertz.
D’Regierung selwer huet dëst bis elo net confirméiert.
Ugräifer gi sech als Signal-Support aus
Iwwer Sécherheetsproblemer äussert sech d’Regierung an der Reegel net. Wéi awer ënner anerem d’ARD mat Bezuch op Regierungskreesser mellt, geet d’Bundesregierung dovun aus, datt d’Attacke vu Russland aus gesteiert ginn. Och den däitsche Geheimdéngscht ass dovun iwwerzeegt, d’Bundesanwaltschaft ermëttelt wéinst dem Ufanksverdacht vun auslännescher Spionage-Aarbecht.
Bei der Attack behaapten d’Ugräifer, si wiere vum Signal-Support, a fuerderen d’Affer op, säi PIN-Code anzeginn. Ass dat geschitt, hunn d’Ugräifer Zougang zu sämtleche Messagen, Fotoen oder Dokumenter.
Wéi wäit d’Attack an den däitsche Politikbetrib erageet, wéist e Schreiwes vum däitsche Verfassungsschutz un d’Parlamentsfraktiounen am Bundestag. Doran heescht et, et wier dovun auszegoen, datt grad a grousser Zuel géif bei den Chatgruppen aus dem Parlament matgelies ginn.