Radioen

On air

Notturno  |  Jen Cloher - Sensory Memory

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Stad Lëtzebuerg: Ëmstridde Subventioun fir d'ASBL Vie Naissante

Diskussiounen ëm ee Subsid

Stad Lëtzebuerg: Ëmstridde Subventioun fir d'ASBL Vie Naissante

D'Stad Lëtzebuerg wëllt 2.000 Euro un d'ASBL Vie Naissante iwwerweisen, déi deemnächst hir 50 Joer feiert. All Stater Veräin, deen e ronnen Anniversaire feiert, kritt an der Reegel sou eng Finanzsprëtz, ouni datt dat grouss diskutéiert gëtt. An dësem Fall ass dat awer anescht, well Vie Naissante sech zënter 50 Joer géint Ofdreiwungen asetzt.

auto_stories

3 min

headphones

9 min

Corinne Cahen | © Jo Diseviscourt play_arrow
Corinne Cahen (Foto: Jo Diseviscourt)

D'Stater Sozialschäffe Corinne Cahen gëtt am 100,7-Interview zou, datt déi Diskussioun, déi an de leschten Deeg entstanen ass, si net iwwerrascht. Par contre wier et awer wichteg, dës Diskussioun ze féieren, betount d’DP-Politikerin. Falsch wier se nämlech och net.

“Ech mengen, esou Diskussioune muss ee féieren. An dat ass am Fong net nëmmen eng Diskussioun vun ‘ënnerstëtzt een e Veräin, mat deem een net averstanen ass’. Et ass d'Diskussioun jo och: 'ënnerstëtzt ee jiddweree d'selwecht' an et kuckt een net als Politiker, wie wat mécht.”

Schonn an hirer Zäit am Familljeministère hätt si ëmmer gesot, datt een net just déi Leit kéint ënnerstëtzen, mat deenen een averstanen ass. Elo wier et un der Gemeng, neutral ze sinn. Dofir misst jiddereen d’selwecht ënnerstëtzt ginn.

Dobäi kéim, datt d’ASBL Vie Naissante schonn zënter 2008 all Joer e Subside vun der Stad Lëtzebuerg kritt huet.

“Dat heescht, ech fannen et am Fong flott, datt mir elo mol eng Kéier doriwwer dann awer diskutéieren, an datt och emol e bësse gesot gëtt, wat déi Associatioun do mécht, well dat schéngt scho méi laang ze lafen awer.”

Keng kloer Reegel wat politesch Astellungen ugeet

D’Corinne Cahen kéint sech och net drun erënneren, datt d’Gemeng jee eng Kéier Subside refuséiert hätt, betount awer och, datt si vergläichsweis nach net esou laang dobäi ass. Wichteg wier virun allem, datt d’Krittären erfëllt ginn.

“Ee vun de Krittären ass natierlech, datt dat um Territoire vun der Stad Lëtzebuerg muss sinn. Et kann natierlech net sinn, datt egal wien aus der Welt elo e Subsid freet an dee kritt.”

Wann et awer elo beispillsweis ëm politesch Agendae vun enger Organisatioun geet, do schéngt et keng kloer Richtlinnen ze ginn. De Fall gesat, eng Associatioun wéilt sech fir manner Auslänner an der Stad asetzen. Wat dann? Dat wier eng ganz gutt Fro, esou d’Corinne Cahen.

Si widderhëlt am 100,7-Interview, datt Vie Naissante schonn zënter bal 20 Joer all Joers e Subsid kritt.

“Deemools war dat e blo-grénge Schäfferot. Dat heescht, dat ass net eppes, wat nei ass. Mee et ass awer och interessant elo mol eng Kéier driwwer ze schwätzen.”

Krittären kéinten iwwerschafft ginn

Si selwer wier guer net mat deem averstanen, wat d’ASBL a Saache Schwangerschaft an Ofdreiwung vertrëtt, betount d’Corinne Cahen. Et wier awer och wichteg ze soen, datt d’Associatioun nach aner Saache mécht.

“Si këmmere sech drëms, jonk Mamme mat Kleeder ze versuergen, Schwangerschaftskleeder. Si hëllefen och beim Ariichte fir de Bëbee. Dat heescht, si sinn net nëmme géint d'Ofdreiwung, mee si probéieren awer och op där anerer Säit, jonk Mammen, déi enceinte sinn, ze begleeden an ze equipéieren.”

Datt an dëser Affär awer Konfliktpotential do ass, dees ass sech d’Corinne Cahen ganz bewosst: Ëffentlech Gelder kréien a gläichzäiteg géint eppes sinn, wat am Gesetz verankert ass.

“An dat ass och déi Fro, déi ech mir stellen. Och bei eis an der DP-Fraktioun um Knuedler sinn och aner Kolleegen a Kolleeginnen, déi hei wierklech Zähne knirschent d'Hand gehuewen hunn, fir deem Subsid hei zouzestëmmen. Mee mir wëllen natierlech och net an eng ‘Trump-Welt’ falen, wou mir decidéieren, wat richteg a wat falsch ass. An ech hu wierklech kee Problem e ganzen Argumentaire opzebréngen, firwat ech absolutt géint déi Positioun vu Vie Naissante sinn. Mee bon, hu si dofir kee Recht, hir Positioun an hir Meenung ze hunn?”

Eventuell kéint een awer an Zukunft d’Krittären änneren, fir Subsiden ze kréien, esou déi Stater Sozialschäffen. Op d’mannst eng Diskussioun doriwwer wier ubruecht. Wichteg wier awer, Krittären ze hunn, déi fir jiddereen d’selwecht sinn.

 

Lauschterenplay_arrow