Am Ufank vun dësem Joer wier den Inflatiounstaux gebremst ginn. Dëst géif un der Baisse vun den Energiepräisser leien, esou de Statec. Dat dierft och dëst Joer nach unhalen. Engersäits wéinst de staatlechen Hëllefe bei de Stroumpräisser, an anerersäits wéinst de niddrege Pëtrolspräisser.
arrow_back_ios
100komma7.lu
National
|Statec: Inflatioun wäert dëst an d'nächst Joer bei 1,8 Prozent léien
Déi nächst Indextranche soll am zweeten Trimester dëst Joer kommen. Dat ass méi fréi wéi geplangt. Bis elo war déi nächst Indextranche fir d'drëtt Trimester virgesinn. Eng weider Indextranche géif dann am drëtten Trimester 2027 kommen, esou de Statec.
(Foto: pressefoto_korb | Micha Korb)