D‘Motioun soll elo an enger Kommissioun diskutéiert ginn, esou d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer.
Hannergrond sinn d’Diskussioune leschte Mount iwwer d’Subside vun der Stad fir de Veräin “Vie Naissante”. Déi Stater gréng hate kritiséiert, datt d‘Stad ee Veräi géif ënnerstëtzen, dee sech géint d‘Recht op Ofdreiwung ausschwätz, sou wéi et den Ament gereegelt ass.
Och gëschter goufen et am Stater Gemengerot nees Diskussioune ronderëm ee Subside. Den ADR-Conseiller Tom Weidig huet dogéint gestëmmt fir d’ASBL Intersex & Transgender Luxembourg mat 2.000 Euro Subsiden ze ënnerstëtzen.