Radioen

On air

9 bis 1  |  Banks feat. Yseult - Move

play_arrow Live
search

/ Stater LSAP leet Motioun vir, iwwer Krittäre fir Subside fir Veräiner

Stater Gemengerot

Stater LSAP leet Motioun vir, iwwer Krittäre fir Subside fir Veräiner

D‘Stater LSAP huet um Dënschdeg am Gemengerot eng Motioun iwwert d'Krittäre fir Subside fir Veräiner virgeluecht. D‘Motioun fuerdert, datt an Zukunft besser soll kontrolléiert ginn, wéi eng Veräiner vun der Stad Subside kréien, esou d’Maxime Miltgen vun de Stater Sozialisten. 

auto_stories

1 min

Gemeng vun der Stad Lëtzebuerg
Gemeng vun der Stad Lëtzebuerg

D‘Motioun soll elo an enger Kommissioun diskutéiert ginn, esou d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer. 

Hannergrond sinn d’Diskussioune leschte Mount iwwer d’Subside vun der Stad fir de Veräin “Vie Naissante”. Déi Stater gréng hate kritiséiert, datt d‘Stad ee Veräi géif ënnerstëtzen, dee sech géint d‘Recht op Ofdreiwung ausschwätz, sou wéi et den Ament gereegelt ass.

Och gëschter goufen et am Stater Gemengerot nees Diskussioune ronderëm ee Subside. Den ADR-Conseiller Tom Weidig huet dogéint gestëmmt fir d’ASBL Intersex & Transgender Luxembourg mat 2.000 Euro Subsiden ze ënnerstëtzen.