Iwwer 24 Joer laang wieren dofir 24.000 krisebedéngt Doudesfäll analyséiert ginn. Erauskomm wier, datt de Stierflechkeetstaux fir all Kriibszorten zesummen ëm ronn 2 Prozent pro Joer zeréck gaange wier.
Grond wiere virun allem Progrèse bei der Fréierkennung a bei der Behandlung. Bei de Männer ass Longekriibs ëmmer nach déi Haaptdoudesursaach bei Kriibs – bei Frae Broschtkriibs. Allerdéngs géif et bei Fraen iwwer 59 Joer eng alarmant Hausse vu Longekriibs, esou nach den LIH.