Radioen

On air

De Weekend  |  Jungle - Back On 74

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Prozess iwwer d'Gemeng Conter: Affekot fuerdert Annulatioun vun Entloossungen

Sträit an der Gemeng Conter

Prozess iwwer d'Gemeng Conter: Affekot fuerdert Annulatioun vun Entloossungen

Direkt zwee Formfeeler gehäit de Maître Alex Penning der Gemeng Conter bei der Entloossung vun zwee Mataarbechter vir. Um Dënschdeg war den Optakt vum Prozess virum Aarbechtsgeriicht.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

play_arrow

Toxescht Klima, Mobbing, eng intern Enquête, déi zur Conclusioun kënnt, datt et kee Mobbing gëtt. Um Enn zwou Entloossunge vun deene Leit, déi sech iwwer de Mobbing beschwéiert hunn. An der Gemeng Conter waren déi lescht Méint ugespaant.

Verdréinung vun de Fakten? 

Viru Geriicht huet den Affekot vun den zwee Licencéierten, de Maître Alex Penning vun enger Verdréinung vun de Fakte geschwat: Hien hätt nach ni héieren, datt Mobbing vun ënnen no uewe géing goen, sou wéi d‘Buergermeeschter Marion Zovilé-Braquet dat géing behaapten. Och am Interview mam 100,7 wou si all Virwërf ofgestridden hat, wier si wuel net ganz bei der Wourecht bliwwen. D'Buergermeeschtesch géif elo soen, verschidde Saachen, déi si elo uprangeren, hätt si guer net gesot. Et wieren awer Leit aus der Gemeng, déi am Gemengerot sëtzen, déi dat héieren hätten, seet den Alex Penning: 

"Dann ass iergend een do deen d‘Wourecht net seet. Mir hunn engersäits dräi Leit déi eppes héieren hunn an si seet dat wär net wouer. Bon déi Leit hunn ënner Eed ausgesot, et ass och bis elo keng Plainte wéinst faux témoignage do an da kënnt der iech schonn denke wien hei d‘Wourecht net seet."

Fir Entloossung bräicht et eng Deliberatioun 

Den Affekot vun de Licencéierten gesäit zwee Formfeeler déi zu enger Annulatioun vum Licenciement misste féieren: Et wier zwar legal, datt de Schäfferot e privaten Ugestallte vun der Gemeng kéint entloossen. Mee d'Gemengegesetz géif vigresinn, datt eng Delibératioun misst do sinn, sou den Alex Penning.

"Dat heescht de Schäfferot muss déliberéieren en présence vum Gemengesekretär, esou eng Deliberatioun ass bis haut net opgedaucht. An ech ginn dann och dervunner aus dat et se och net gëtt."

Harcèlement moral als Kënnegungsschutz 

Den zweete Formfeeler gesäit de Maître Penning beim Kënnegungsschutz. D'Gesetz géif nämlech virgesinn, datt ënner verschiddene Conditiounen, e Salarié guer net kann entlooss ginn. Beispillsweis Personaldelegéierter, schwanger Fraen oder Leit, déi am Congé parental sinn, sou den Alex Penning.

"An hei ass et och esou, een deen den harcélement moral denoncéiert ass vun dem Moment u wou en deen harcélement denoncéiert, kann deen net entlooss ginn, dat heescht de Licenciement ass null."

Well d‘Affekotin vun der Gemeng Conter gëschter aus Zäitgrënn net méi konnt plädéieren, geet de Prozess nächsten Dënschdeg virun. 

Lauschterenplay_arrow