Radioen

On air

Tockcity  |  Jungle - Keep Me Satisfied

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sträit mat der Presidentin vum Europaparlement: Monica Semedo gewënnt virum EUGH

Recht op Verdeedegung net respektéiert

Sträit mat der Presidentin vum Europaparlement: Monica Semedo gewënnt virum EUGH

D’Ex-Europadeputéiert Monica Semedo krut um Mëttwochmoien um Europäesche Geriichtshaff um Kierchbierg Recht an hirem Sträit mat der Roberta Metsola. Am Abrëll 2023 hat d’Presidentin vum Europaparlament der fréierer DP-Politikerin, wéinst Harcèlement moral géintiwwer engem Mataarbechter, hir Indemnitéit fir 10 Deeg gestrach.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Nieft där Strof gouf och de Constat vu Mobbing vun den europäesche Riichter:innen annuléiert. An hiren Ae wier eng Persoun, där Harcèlement virgehäit gëtt, am Recht, fir e Resumé vun Zeienaussoe matgedeelt ze kréien, déi am Kader vun enger Enquête gehéiert goufen. An dësem Fall wier dat net korrekt geschitt.

D‘Monica Semedo envisagéiert op Schuedensersatz ze kloen. Dat schreift déi fréier Europadeputéiert an enger Reaktioun op d‘Urteel um europäesche Geriichtshaff um Kierchbierg. D‘Urteel vun haut géif "flagrant Verstéiss“ géint hir Verdeedegungsrechter unerkennen, esou nach d‘Politikerin. 

Irregularitéiten hunn d'Recht op Verdeedegung affektéiert

D’Riichter:inne vum Europäesche Geriichtshaff schreiwen am Urteel vun Irregularitéiten, déi d’Rechter vun der Verdeedegung vun der fréierer Europadeputéiert affektéiert hätten. D’Monica Semedo hätt just e Resumé vun den Zeienaussoe kritt, deen d’Substanz vun den Temoignagen aus der Enquête net géif erëmginn. Och wier d’Ex-Deputéiert net prezis gewuer ginn, op wat fir eng Piècë vum Dossier d’Virwërf géint si baséiert goufen. 

D’Riichter halen deemno fest, datt d’Monica Semedo net all d’schrëftlech Beweiser zur Verfügung gestallt kritt hätt, weder vum zoustännege Comité vum Europaparlament nach vun der Parlamentspresidentin. Dëse Kommunikatiounsfeeler hätt "de manière inévitable" d’Regularitéit vun den Decisioune beaflosst, déi geholl goufen. Dofir hunn d’Riichter:innen d’Entscheedunge vun der Roberta Metsola annuléiert.

Accès op de ganzen Dossier gouf refuséiert

Am Mäerz 2022 hat de Comité vum Europaparlament eng Enquête géint déi mëttlerweil Fokus-Politikerin opgemaach. Hire fréiere parlamentareschen Assistent hat der Monica Semedo Mobbing reprochéiert. Am November 2022 hat dee Comité der Presidentin vum Europaparlament recommandéiert, der Deputéiert hir Indemnitéit fir 20 Deeg ze sträichen. Dat op Grond vun engem Rapport, deen zur Conclusioun koum, datt et zu Harcèlement moral géintiwwer dem Mataarbechter komm wier.

Am Dezember 2022 hat d’Roberta Metsola der Monica Semedo eng anonymiséiert Versioun vun deem Rapport zoukomme gelooss, wouropshin d’Ex-Europadeputéiert am Januar 2023 Zougank zum ganzen Dossier gefrot hat. Dat gouf awer refuséiert. Am Abrëll 2023 hat d’Parlamentspresidentin dunn decidéiert, datt et zu Mobbing komm wier an d’Lëtzebuerger Politikerin dowéinst hir Indemnitéit fir 10 Deeg gestrach krit. D’Monica Semedo hat doropshin den Europäesche Geriichtshaff saiséiert.

Lauschterenplay_arrow