arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ee Blesséierten am Untersuchungsprisong Uerschterhaff no Sträit an den Duschraim

National

|
reading time

1 min

Ee Blesséierten am Untersuchungsprisong Uerschterhaff no Sträit an den Duschraim

Gëschter koum et zu engem Sträit tëschent zwee Prisonéier am Untersuchungsprisong zu Suessem. Dat mellt d‘Police. Éischten Erkenntnisser no waren déi zwee Männer an den Duschraim unenee geroden, well ee vun hinnen dee Raum net wollt verloossen.

reading time

1 min

Prisong | © SIP / Jean-Christophe Verhaegen
Prisong (Foto: SIP / Jean-Christophe Verhaegen)

Bei der Kläpperei ass ee vun den zwee Prisonéier op de Buedem gefall an huet sech am Gesiicht blesséiert. E koum fir eng Behandlung an d‘Klinik. Et gouf e Protokoll erstallt.