Eng 170 Manifestatioune goufe vun de Gewerkschaften uechter Frankräich organiséiert. Zil dovu wier et net just fir Drock op déi aktuell Regierung an hire Budgetsprojet 2027 ze maachen, mee och en Appell un d'Kandidate vun de Presidentiellen ze riichten.
Zu Paräis gi sech tëschent 5.000 an 10.000 Pompjeeën erwaart, déi beim Streik wäerte matmaachen. Dat nodeems si am Summer wéinst de Bëschbränn vill gefuerdert waren. Alles an allem gi sech bis zu 50.000 Demonstranten erwaart.
Och Streik an de Schoulen
Och an de Schoulen uechter Frankräich gi sech haut Protester erwaart. Déi Protester haten d‘lescht Woch ugefaangen a sinn zum Deel a Gewalt ausgeaart.
Dosende Mënsche goufe blesséiert an op d‘mannst 164 Demonstrante goufe festgeholl.
D‘Protester riichte sech ënner anerem géint eng aus Siicht vun den Demonstrante schlecht Ausstattung vun de Schoulen a Frankräich.