Et géif dovun ofhänken, ob eng Léisung mat China fonnt gëtt, heescht et vu Bréissel. D‘EU-Kommissioun analyséiert schonn zënter dem Hierscht, ob Subventioune fir E-Autoen a China deloyal Konkurrenz an der EU kéinte sinn.
Chineesesch Elektroautoe wieren nämlech normalerweis ronn 20 Prozent méi bëlleg wéi Autoen, déi an der EU produzéiert ginn.