D’Chamber huet de Moien eestëmmeg fir eng entspriechend Motioun vun deene Grénge gestëmmt. Zënter 2023 stäerkt “Supply4Future” déi bio-lokal Liewensmëttel a Schoul- an Uniskantinnen a si vereinfacht den Akaf.
Mat der Erweiderung soll d’Landwirtschaft hir Produkter och am Summer besser kënne verkafen.
Donieft soll d’Regierung vergläichbar Initiativen, zum Beispill a Crèchen a Betribskantinnen, encouragéieren, heescht et an der Motioun.