Radioen

On air

Thé Dansant  |  Pink Floyd: Echoes - The Best Of Pink Floyd (Cd2) - Comfortably Numb

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Swift Hesper: Wéi geet et weider nom Spillerstreik?

Fussball

Swift Hesper: Wéi geet et weider nom Spillerstreik?

Dräi Matcher goufen um Mëttwochowend am Lëtzebuerger Fussball Championnat gespillt. Hueschtert huet 4-3 géint Rodange gewonnen an d‘Jeunesse huet sech am Escher Derby 3-2 géint d‘Fola duerchgesat. Am meeschten Interessi gouf et awer um drëtte Match tëscht Nidderkuer an dem Swift Hesper. Et war am Virfeld net kloer ob d‘Spiller vun Hesper iwwerhaapt géifen untrieden.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

play_arrow
Foto: Lisa Lahos

D'lescht Woch géint Munneref haten déi Hesper nämlech gestreikt, well hir Paien an der Lescht net ganz bezuelt goufen. Et wier eng schwiereg Situatioun, déi een net all Dag erlieft, seet de Fernand Laroche, President vum Swift Hesper, am 100,7-Interview. Dem Trainer hätten d‘Spiller versprach, trotz dem Retard, unzetrieden.

"D'Endresultat kenne mer, si sinn net ugetrueden. An ech fannen, dat ass och eppes, wat net op den Terrain gehéiert. Et mussen aner Solutiounen hier an diskutéiert ginn, wéi net ze spillen."

De President vum Swift Hesper hätt ëmmer Versteesdemech, hie fënnt awer, datt een doriwwer misst diskutéieren. Et wier kee gezwonge ginn ze spillen. Ee Contre-coup ze maachen, wier awer net sportlech gewiescht.

"Vollst Vertrauen an den Investor"

Um Mëttwochowend steet déi éischt Ekipp vun Hesper dunn awer nees praktesch komplett um Terrain. Geet et also elo einfach viru wéi wann näischt gewiescht wier?

An den Investor, Flavio Becca hätt de Fernand Laroche jiddefall vollst Vertrauen. Als Grond firwat d'Paien net mat Zäite bezuelt ginn, nennt de President déi allgemeng schwiereg ekonomesch Situatioun. D‘Sponsore missten als éischt kucken, hir eege Leit ze bezuelen, éier se de Sponsoring kënne rausginn. Dat wier ee Problem, deen op vill Veräiner zoutrëfft.

"Mir hunn eebe méi ee grousse Kader, wat méi Depensë sinn, an dat ass och eppes warscheinlech, wou mer musse kucken, fir dat och eng Kéier zeréckzeschrauwen."

Et klengt deemno net, wéi wann d'finanziell Enkpäss beim Swift Hesper all behuewe wieren. Et dierf een also duerchaus gespaant sinn, wéi eng Spiller dann no der Wanterpaus fir de Swift um Terrain stinn.

Lauschterenplay_arrow