arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ TICE wërft FGFC Diffamatioun vir: Concernéiert Donnéeën op offiziell Ufro erausginn

Aarbecht

|
headphones

1 min

TICE wërft FGFC Diffamatioun vir: Concernéiert Donnéeën op offiziell Ufro erausginn

De Bussyndikat TICE reagéiert op Aussoe vun der Gewerkschaft vum Gemengepersonal FGFC, déi Vertrauensbroch reprochéiert hat, well intern Maile vum President vun der Personaldelegatioun vun der Direktioun matgelies gi wieren.

headphones

1 min

Den TICE schwätzt an engem Communiqué vu gëschter Owend vun Diffamatioun. D'Gewerkschaft vum Gemengepersonal FGFC hat sech beklot, datt déi noutwenneg Vertraulechkeet an der momentaner Conciliatiounsprozedur net agehale gi wier. 

D‘Weidergi vu perséinlechen Donnéeë vun engem Mataarbechter wier am Kader vun enger offizieller Demande geschitt. Dës Demande wier vun der Commission Nationale pour la Protection des Données komm.

Den TICE betount weider, datt d’Donnéeë just am Kader vun där Prozedur veraarbecht goufen an datt aner perséinlech Informatioune geschwäerzt goufen, fir d’Privatsphär vun Drëtten ze schützen.

De Syndikat behält sech vir juristesch Schrëtt géint dës Beschëllegungen ze ënnerhuelen.