Radioen

On air

Moiesstudio  |  Elon Musk & AfD: EU-Kommissioun huet nach keng Äntwert

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Taina Bofferding: D'Regierung geet d'Logementsproblem net strukturell un

Budgetsdebatten

Taina Bofferding: D'Regierung geet d'Logementsproblem net strukturell un

Lëtzebuerg dierft net an en Dornröscheschlof verfalen, an deem d’Zukunft net gestalt gëtt. Dat huet d’Taina Bofferding vun der LSAP haut am Kader vun de Budgetsdebatten an der Chamber gefuerdert.

auto_stories

1 min

Foto: Flickr Chambre des Deputés

D’Fraktiounscheffin vun de Sozialisten huet och fonnt, datt d’Regierung de Problem vun der Logementspolitik net strukturell wéilt ugoen. CSV an DP géife léiwer iwwerall e bëssen eppes bäiginn, sou d’Taina Bofferding. Dobäi bräicht d’Land grad am Logement dee Paradigmewiessel, dee vun der leschter Regierung ugestouss gi wier.

"Dat ass de gréisste Manktem vun dëser Regierung, dass se op haut a muar fokusséiert ass, op Produktivitéit a Kompetitivitéit, mee net weess, wou mer an 10, 20, 30 Joer wëllen higoen, respektiv wéi mer an deene kommende Jore wëlle liewen! Fir d’Firma Lëtzebuerg produktiv ze halen, gëllt: Business first!"

Donieft feelen an den Ae vun der Taina Bofferding nei Akzenter an der Sozialpolitik. D’schwaarz-blo Regierung hätt ganz kloer Preferenzen, weem si wéilt ënnert d'Äerm gräifen. An den “zwanghafte Glawen un de Wuesstem” géif fir de Budget eng riskant Wett op d’Zukunft bedeiten.