arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Keng Talenter un d'Ausland verléieren: FLF zitt Konsequenzen aus dem Fall Brian Madjo

FLF-President am Interview

|
reading time

6 min

headphones

15 min

play_arrow

Keng Talenter un d'Ausland verléieren: FLF zitt Konsequenzen aus dem Fall Brian Madjo

Virun e puer Joer war et de Miralem Pjanic, elo rezent de Brian Madjo: Ëmmer nees bilt d'Fussballschoul vun der FLF talentéiert Spiller aus, déi sech herno awer géint d'Lëtzebuerger A-Nationalekipp entscheeden. Dat soll an Zukunft verhënnert ginn. Inspiratioun huet d'FLF dofir an der Schwäiz fonnt.

reading time

6 min

headphones

15 min

play_arrow
De Paul Philipp | © Radio 100,7
De Paul Philipp (Foto: Radio 100,7)

A senger laanger Karriär als aktive Fussballspiller huet den FLF-President Paul Philipp och den een oder anere Match Forfait gewonn. De Géigner ass also net ugetrueden. Genee dat geschitt och um kommenden FLF-Kongress zu Wëntger, wou de Paul Philipp – ouni Géigekandidatur – erëmgewielt wäert ginn.

Woubäi “wielen” de falschen Ausdrock ass. Wa keen anere sech fir de Poste vum President opsetzt, da gëtt den eenzege Kandidat par acclamation gewielt.

"Do ass esou en Diktator an deen hëlt d’Decisiounen"

Natierlech géing sech de Paul Philipp net iwwer e puer Géigner beschwéieren, wéi um Terrain eben och. Am 100,7-Interview betount den FLF-President, deen zënter 2004 am Amt ass, datt dat an der Vergaangenheet jo och schonn de Fall war.

“Et ass jidderengem fräigestallt fir sech ze mellen oder fir sech natierlech net ze mellen. Dat ass ganz, ganz kloer. Mee bon, och da wier dat jo nach net um Kongress geschitt. Ech mengen, da wier et jo am Virfeld geschitt, wou dann ebe jiddereen hätt misste seng Argumenter, seng Visiounen, seng Challengen duerstellen.”

De Paul Philipp betount, datt d’FLF net just aus engem President besteet, mee datt hanner him eng ganz grouss Ekipp steet. Hie wier keen “Diktator”, deen eleng d’Decisiounen hëlt.

De Problem vum Benevolat gëtt ëmmer méi grouss

Déi Ekipp huet e Plan stratégique zesummegestallt fir den Zäitraum vun 2027 bis 2031. Dat wier een Zeeche vu Kontinuitéit, erkläert de fréieren Nationalspiller, a verweist op de virleschte Plang fir d’Period vun 2022 bis 2026.

Vergläicht ee béid Pläng fält op, datt de Beräich vum Benevolat am neie Plang manner vill Plaz anhëlt. Dobäi ass de Manktem u Fräiwëllege jo esou akut wéi nach ni.

De Problem géif effektiv wuessen, gëtt de Paul Philipp zou. 

“Dat ass net einfach. Et kann ee jo net soen, mir bezuelen d’Benevollen elo. Da sinn et keng méi.”

Et hätt een an der Vergaangenheet villes probéiert, fir dee Problem - deen net just am Fussball optrëtt, mee duerch déi Dausende Lizenze méi prominent ass – an de Grëff ze kréien: Eng Journée du Bénévolat, Medailen oder de Bénévol de l’année.

Um Enn wier et dem Paul Philipp no och e gesellschaftleche Problem an een, deen d’Veräiner an hirem Alldag geréiere mussen: Elteren oder soss Familljemembere vu Spiller:inne mussen am beschten och un de Veräi gebonne ginn.

De Fall Brian Madjo: D’FLF wëllt Konsequenzen zéien

E weidere grousse Punkt ass d’Talentfërderung. Do steet d’FLF virum grousse Problem, datt zu Monnerech an der Fussballschoul Spiller ausgebilt ginn, déi sech awer op Grond vun hirem Migratiounshannergrond da fir eng aner Nationalekipp entscheeden – ob gewollt oder ongewollt sief dohi gestallt.

E prominente Fall ass de Brian Madjo, deen an England gebuer ass, mat zwee Joer awer op Lëtzebuerg komm ass. No zwee Testmatch-Asätz fir d’Rout Léiwen huet hie sech dunn awer fir déi englesch Nationalekipp entscheet.

©  picture alliance / Foto Huebner | Foto Huebner
(Foto: picture alliance / Foto Huebner | Foto Huebner)

De Paul Philipp betount, datt dee Problem net méi just déi kleng Länner betrëfft.

“Et betrëfft et och déi grouss Natiounen. Deenen deet et natierlech manner wéi, wéi eis. An dat ass och gutt esou, well wann et déi grouss net betrëfft, da changéiert näischt.”

D’FLF wier an Däitschland, Frankräich an an d’Schwäiz gereest, fir sech ze informéieren. De Fransouse wier et aktuell nach egal, well si esou e grousse Pool u Spiller hunn, seet den FLF-President. Mee d’Schwäizer hätten een Ëmgang mat deem Problem fonnt.

Do ass et esou, datt d’Eltere sech engagéieren, wann d’Kand 12, 13 Joer huet, datt et herno och fir hir A-Nationalekipp spillt. D’FLF géing esou e Modell elo mat Juristen ausschaffen.

“Mir schaffen doudsécher eppes aus a mir soen och dann, wa si kommen, den Elteren, also ëmmer, wann d'Saison ugeet, déi nei an d'Fussballschoul kommen, dass dat Bedéngunge sinn, dass dat och muss ënnerschriwwe ginn. Well mir verlaange jo guer näischt. (...) Mir investéiere Suen. De Retour op Invest ass, wa si et da packen, dass si herno Lëtzebuerger Nationalspiller ginn.”

Jeff Strasser als Nationaltrainer: "Ech hunn absolutt näischt ze bemängelen"

Een, deen aktuell Nationalspiller gëtt, trëfft do op de Jeff Strasser als Trainer. Säi Bilan bis elo als Nationaltrainer fält gemëscht aus. An deene rezenten Nations-League-Matcher konnt ee just eng Victoire a véier Matcher afueren. D’Ekipp ass awer och mat vill Verletzungspech geplot.

Am 100,7-Interview stäipt de Paul Philipp sengem fréiere Spiller de Réck.

“Mee mir hunn eist d’Lat selwer héich geluecht. Also dat ass och gutt esou, soudatt de Moment ech am Fong geholl, wat d'Aarbecht vum Jeff Strasser ubelaangt, absolutt näischt ze bemängelen hunn.”

En enttäuschten Nationaltrainer Jeff Strasser. | © picture alliance / NurPhoto | Alex Nicodim
En enttäuschten Nationaltrainer Jeff Strasser. (Foto: picture alliance / NurPhoto | Alex Nicodim)

An de leschte Matcher ass opgefall, datt der Ekipp ee feelt, dee Goler schéisst. Den Top-Scorer vun der Nationalekipp, de Gerson Rodrigues, huet sech jo wéinst sengem Verhalen an der Vergaangenheet selwer aus der Selektioun geworf.

Wéi d’Federatioun deemools mam Fall ëmgaang ass huet fir Kritik gesuergt. Dat gesäit de Paul Philipp haut och an.

“A leider huet hie sech jo och net zu deem Zäitpunkt, wou déi Diskussioune waren, net genuch hëllefe gelooss vun eis. Mir haten och eppes erausgeschafft. E grousse Mea Culpa hätt se warscheinlech zu deem Moment gehollef.”

© EPA/GIAN EHRENZELLER
(Foto: EPA/GIAN EHRENZELLER)

Och d’FLF ass géint eng weider Amtszäit vum Gianni Infantino

Wann d’Wal vum FLF-President international wuel kaum een intresséiert, esou sinn an e puer Wochen awer all Aen op d’FIFA, de Weltfussballverband, geriicht, wou sech en änlechen Zenario wéi zu Wëntger erwaart gëtt.

Den aktuell staark ëmstriddene FIFA-President Gianni Infantino wäert – Stand haut – ouni Géigekandidatur nees untrieden.

Lëtzebuerg huet zesumme mat deenen aneren UEFA-Memberlänner e Schreiwes ënnerschriwwen, an deem ee sech géint e weidert Mandat vum Schwäizer un der Spëtzt vun der FIFA ausschwätzt. 

Datt d’UEFA oder soss een anere Kontinentalverband elo nach e Géigekandidat an d’Course schéckt – den Ultimatum ass de 18. November – hält de Paul Philipp fir onrealistesch.

© EPA/SARAH YENESEL
(Foto: EPA/SARAH YENESEL)

Datt den Infantino no der WM a senger Propos, dës fir Investoren opzemaachen, ganz staarkt kritiséiert ginn ass an awer net fräiwëlleg säi Poste raumt, wonnert den FLF-President iwwerdeems net.

“Ech kennen den Gianni Infantino relativ laang. Hie war jo virdru bei der UEFA, esou dass ech dat wousst, dass hien net géif vum selwe goen, wann hien net gezwonge gëtt. Wat och säi gutt Recht ass. (...) Ob et gutt fir de Fussball ass? Dat woen ech ze bezweifelen.”

E Méindeg steet dann nach de Ballon d’Or un, wou de beschte Spiller vun der ofgelafener Saison ausgezeechent gëtt. Dem Paul Philipp säi Wonsch-Gewënner? “Ech hätt näischt dergéint, wann den Harry Kane et géing ginn.”

play_arrow Lauschteren