Déi fënnef Männer sinn an der Géigend vun der brittescher Militärbase Fairford, am Südweste vun England, festgeholl ginn. Dës Aviatiouns-Militärbase gouf vun den USA wärend dem Krich géint den Iran benotzt.
Verdacht op Attentatspläng
D'Identitéit vun den fënnef presuméierten Täter gouf net verëffentlecht. D’Männer gi verdächtegt, en Attentat geplangt ze hunn, esou déi brittesch Anti-Terror-Police. Dem US-President Donald Trump no hätten déi fënnef Verhafte grousse Schued wëllen uriichten, a si wiere scho méi laang observéiert ginn.
Wien ënner dem Verdacht steet en terroristesch Attentat geplangt ze hunn, kann dem englesche Gesetz no bis zu zwou Woche - ouni weider Beweiser - festgehale ginn.
Militärbase Fairford
Déi brittesch Base Fairfod gëtt schonn zënter Joerzéngte vun den USA als strategesche Stëtzpunkt benotz. Am Mäerz dëst Joer hat d'Regierung zu London hirem Alliéierten erlaabt d'Base fir Operatioun géint den Iran ze benotzten, esou laang dës "strictement defensiver Natur" wieren. Groussbritannien huet sech bis dato net offiziell, un den us-israeeleschen Attacke, géint den Iran bedeelegt.
Teheran hat Groussbritannien am Summer gewarnt
Teheran hat am Summer kommunizéiert, datt amerikanesch Bombardier-Fligere vun der Militärbase Fairford gestart wieren an Attacke géint den Iran lancéiert hätten. "All Stëtzpunkt dee fir aggressiv Attacke géint den iranesche Regime géif benotzt ginn, géif den Iran och als potentiell Cible fir Attacke gesinn", esou hire Message.
De brittesche Verdeedegungsminister huet sech nach net zu de rezente Virfäll geäussert.
Lauschtert hei de Reportage vun eiser Korrespondentin Marie Billon vu London.