De gréissten Deel – nämlech 70 Prozent – waren Haiser, grad ewéi schonn existéierend Appartementer an Appartementer, déi nach an der Constructioun sinn. Dësen Undeel wier dann och iwwert de genannten Zäitraum relativ stabel bliwwen, esou den Observatoire de l‘Habitat.
Bei den Appartementer, déi nach an der Constructioun sinn, wier allerdéngs zënter 2021 eng staark Baisse ze verzeechnen. D‘Transaktioune vun Terrainen hätten iwwerdeems ronn 15 Prozent ausgemaach. Büroen, Commercer an aner Gebaier hunn 11 Prozent ausgemaach.