arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "The Boys of Dungeon Lane" - Paul McCartney

Album vun der Woch

|
reading time

4 min

"The Boys of Dungeon Lane" - Paul McCartney

Op sengem neien Album "The Boys of Dungeon Lane" mécht sech de Paul McCartney op eng Rees duerch seng biografesch a musikalesch Vergaangenheet.

reading time

4 min

© Mary McCartney
(Foto: Mary McCartney)

D'Dungeon Lane ass eng Strooss zu Liverpool, an där sech déi Bouwe begéint hunn, aus deene spéider sollten d’Beatles ginn.

Zesumme mam Ringo Starr

An e puer vu sengen neie Lidder gëtt de Paul McCartney, deen dëst Joer seng 84 Joer ka feieren, zum Reesguide duerch seng Kanner- a Jugendzäit. Déi éischt Single “Days We Left Behind” thematiséiert d’Nostalgie am Allgemengen. An “Down South” erzielt hie vu senger Begéinung mam George Harrison, “Home to Us” moolt e Bild vun de méi raue Säite vu Liverpool.

Den “us” am Titel bezitt sech an dësem Fall op de Ringo Starr, fréiere Batteur vun de Fab Four, deen hei mat musizéiert.

Am meeschte beréieren awer “Salesman Saint” a “Momma Gets By”, allebéid Hommagen un dem Paul McCartney seng Elteren, déi et am England vun der batterer Nokrichszäit schwéier haten. Dem McCartney seng Mamm ass gestuerwen, wéi hien nëmme 14 Joer al war.

En Tragedie, déi hie mam John Lennon verbonnen huet, deen seng Mamm och als Teenager verluer huet.

Mat Richtungswiessel iwwerraschen

An deene 14 Titele vun “The Boys of Dungeon Lane” fënnt een ëmmer erëm Reminiszenzen op dat, wat de Sound vun de Beatles ausgemaach huet: de Mellotron, d’Arrangementer vun den zweete Stëmmen, déi psychedelesch Elementer an “Mountain Top” – engem Lidd, dat sech bewosst of “Lucy in the Sky with Diamonds” bezitt.

Ausserdeem sinn do d’Melodië vum Paul McCartney, déi et fäerdeg bréngen, gläichzäiteg harmonesch ze sinn an awer mat hire Richtungswiessel ze iwwerraschen. 

D’Texter vu Libeslidder wéi “We Too” oder “Ripples in a Pond” huet een esou änlech sécher schonn eemol héieren (“I love you more / than I ever did before), mee wat d’Kompositioun ugeet, esou gëtt sech de McCartney net dacks mat de gängege Formelen zefridden.

E puer Ausname sinn derbäi: “New Horizon” hat de Paul McCartney schonn an en Tirang geraumt an et gëtt och hei net offensichtlech, firwat et onbedéngt huet missten Deel vun dëser Plack sinn a “Come Inside” geet zwar liicht an d’Ouer, huet awer dofir manner Déift wéi aner Titelen.

De Klang vun engem Best-of-Album

Hanner dem Mëschpult souz fir dësen Album den amerikanesche Produzent Andrew Watt, dee mat senge 36 Joer quasi en halleft Joerhonnert méi jonk ass wéi de Paul McCartney.

Zu de Kënschtler:innen, déi den Andrew Watt an der Vergaangenheet produzéiert huet, gehéieren esou ënnerschiddlech Nimm wéi de Justin Bieber, den Elton John oder Pearl Jam. Ganz rezent huet hie mam Michael Stipe, dem fréiere Frontmann vu R.E.M., um Titelsong fir d’Serie “Rooster" (mam Steve Carell) geschafft.

Wärend de leschte véier Joer hunn de Paul McCartney an den Andrew Watt ëmmer erëm Opnamesessions ofgehalen, wärend deenen de McCartney iwweregens, wéi et seng Gewunnecht ass, déi meescht Instrumenter selwer agespillt huet.

Déi relativ laang Zäit erkläert vläicht, firwat “The Boys of Dungeon Lane” manner wéi e Ganzt kléngt, mee scho bal wéi e Best-of: de rockegen Opener “As You Lie There”, deen tatsächlech bal kéint vun engem Pearl Jam oder Chris-Cornell-Album kommen, huet wéineg gemeinsam mat enger ganz klassescher Ballad wéi dem Schlusslidd “Momma Gets By”.

Fokus op Haaptpersoun geet verluer

Dat muss net negativ sinn – eleng, datt ee sech mat iwwer 80 Joer a méi wéi 60 Joer Erfarung am Lidderschreiwen nach mat esou vill Liichtegkeet duerch d’Genrë beweegt, ass beandrockend. Allerdéngs suergt dem Andrew Watt seng ganz glat Produktioun dofir, datt de roude Fuedem engem beim Lauschteren ëmmer erëm entwëscht.

Och fir d’Verletzlechkeet, déi a munchen Texter ganz present ass, bleift wéineg Plaz, well all Lidd bis an de leschte Wénkel duercharrangéiert ass, mat enger maximaler Unzuel u méigleche Couchen an Effekter.

E ganz anere Choix hat zum Beispill de Rick Rubin op den American Recordings gemaach. Hien hat dem Johnny Cash seng Stëmm a seng Interpretatioun an de Mëttelpunkt gestallt an alles ewechgelooss, dat vum Wesentleche géif oflenken.

Den Andrew Watt mécht de Contraire, esou datt een ausgerechent op dëser ganz perséinlecher Rees de Fokus op d’Haaptpersoun e bësse verléiert.